E verspéiten oder annuléierte Fluch ka fir Ierger suergen. Ma wann dat passéiert huet een och e Recht op Entschiedegung.

Am EU-Recht ass kloer gereegelt, wéi eng Rechter een als Passagéier am Fall vun enger Verspéidung, oder Annuléierung vun engem Fluch huet, wann dësen entweder op engem europäesche Fluchhafe start, oder op engem Fluchhafen an der EU lant a vun enger Fluchgesellschaft mat Sëtz an der EU duerchgefouert gëtt.

Am Fall vun enger Verspéidung, huet een als Passagéier e Recht dorop, dass d’Gesellschaft, mat där ee flitt, engem gratis Moolzechten, Gedrénks, 2 Telefonater oder soss Méiglechkeeten, fir ze kommunizéieren, zur Verfügung stellt. Falls et néideg ass, muss d’Fluchgesellschaft engem och den Hotel an den Transport bei dësen zur Verfügung stellen. Wann de Fluch 3 Stonnen ze spéit ass, muss d’Airline engem ausserdeem eng Entschiedegung vun 250 bis 600 € bezuelen. De geneeë Montant hänkt hei vun der Distanz vum Fluch of.  Allerdéngs muss d’Entschiedegung net bezuelt ginn, wann d’Verspéidung op aussergewéinlech Ëmstänn zeréckzeféieren ass. Ab enger Verspéidung vu 5 Stonnen huet een ausserdeem d’Recht op de Fluch ze verzichten a seng Suen zeréckzekréien.

Am Fall, wou een eng Fluch-Rees bucht, déi aus e puer Flich besteet, an een dovunner verpasst, well et en anere Fluch eng Verspéidung war, huet een ausserdeem e Recht drop, op engem anere Wee u säin endgültegt Zil bruecht ze ginn.

Am Fall, wou engem säi Fluch annuléiert gëtt, kann een sech dann decidéieren, ob ee gär seng Suen zeréck hätt oder d’Fluchgesellschaft een ob engem anere Wee zu sengem Zil transportéiert. Am zweete Fall, huet een dann och nees e Recht op gratis Moolzechten a Gedrénks, Kommunikatioun a – falls néideg – Iwwernuechtung an engem, an Transport bei en Hotel. Wann de Fluch net wéinst aussergewéinlechen Ëmstänn ausgefall ass, huet een ausserdeem, ofhängeg vun dësem senger Distanz, eng Entschiedegung vun 250 bis 600 € zegutt. Engem Urteel vum europäesche Geriichtshaff no, gëllt e Fluch iwwerdeems och dann als annuléiert, wann dësen, méi ewéi eng Stonn no vir verréckelt gouf.

Lauschtert hei de Reportage!