"Ghosting" kann eng Persoun Mental scho kräfteg mathuelen. En méi déift Selbstbewosstsinn a Scholdgefiller si puer vun den Effekter vum "ghosting".

Hautdesdaags benotzt bal jiddereen d’Sozial Medien fir mat aneren ze kommunizéieren. Och wann dat vill positiv Aspekter huet ginn et awer och déi eng oder aner Nodeeler. «Ghosting» ass en gutt Beispill dofir. Wann een eng Persoun «ghost» heescht dat dass een der vun haut op muer nëmmei äntwert.

Den Haaptgrond firwat verschidde Leit anerer «ghosten» ass well si Angscht hunn dass deen géigeniwwer Gefiller fir si entwéckelt huet an si net dat selwecht fillen. En aneren Grond ass dass een sech vun toxeschen oder onangeneemen Gespräischer wëll befreien. Verschiddener «ghosten» d’Leit och einfach fir eng Konfrontatioun ze vermeiden.

Den «Ghoster» kann et heiansdo bereien oder Scholdgefiller hunn, mee meeschtens fillen se sech net schlecht nodeems. Dat läit dorunner, dass si d’Muecht op d’Situatioun hunn an doduerch och all Moment erëm mat der anerer Persoun schreiwen.

D’«Ghosting-Affer» dogéint wäert sech an dëser Situatioun däitlech méi schlecht fillen. Natierlech ass een am éischten Moment mol verwiert firwat déi Persoun engem net méi äntwert. Dat ganzt kann awer och en negativen Effekt op säin Selbstbewosstsinn hunn. Oft gëtt een sech selwer d’Schold an et baut een Vertrauensproblemer op.

D’Angscht nach eng kéier «geghost»ze ginn an d’Mësstrauen hält een dann oft och mat an déi nächst Bezéiung an doduerch sabotéiert een sech dann selwer.

Lauschtert hei de ganze Reportage