Bei der aktueller Editioun vun de Congés Annulés steet och d'Grunge Band Francis Of Delirium mat op der Bün.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Am Joer 2019 huet d’Jana Bahrich sech mam Chris Hewett zesummegedoen, nodeems si sech hei zu Lëtzebuerg kennegeléiert haten. Hir Passioun fir d’Grunge Beweegung a Bands wéi Nirvana oder Pearl Jam hunn mat sech bruecht, dass si direkt musikalesch harmonéiert hunn. Am Joer 2019 hunn si dunn och hiren éischten Optrëtt mam Projet Francis of Delirium gehat

"It was kind of formed to play the festival screaming fields. That was the real Motivator to finally kinda start my own band. I wanted to start a Band for a While but Screaming Fields kind of really made me commit playing a Band."

No enger Rei Concerte sinn dunn am Joer 2020 och hir éischt zwou EP’s "All Change" a "Wading" erauskomm déi mat Texter iwwer Problemer, Verletzlechkeet a Selbstzweifel a rockegem Sound immense gutt bei de Fans ukomm sinn. Séier hunn si dann och bemol international vill gespillt. Am Juni a Juli 2022 waren si dann och lo souguer an Amerika op Tournée.

"It was crazy. It honestly was like some of the best times ever in my life. It was so much fun. And the people there were so open and welcoming and receptive to our music. So that was very cool, and it was really warm and welcoming for us over there."

Op dëser Tour haten Francis of Delirium dann och hir neist EP "The Funhouse" mat dobäi, déi si am Abrëll 2022 op de Marché bruecht haten.

Dës EP wäert dann och Deel vum Concert am Kader vun de Congés Annulés de 4. August sinn. Fir Fancis Of Delirium wäert et net déi éischte Kéier si wou si hei op der Bün sti mee trotzdeem wäert et ee spezielle Moment an der Bandgeschicht sinn:

"I am really excited. It feels kind of like the first real Headline Show we’ve ever done because we did Congés Annulés when Covid was really quite present, and we played outside under the tent. It as kind of a limited Capacity and everyone was seating which was really strange"

Tickets kritt een hei nach um Site vun de Rotondes an de Concert wäert ëm 8 Auer ugoen. Als Virgrupp spillt dann och nach d’Band "Odds Ratio". All weider Informatioune wéi och de komplette Line-Up vun de Congés Annulés ginn et och op rotondes.lu