Mat Team-Building, vill Training an dem Heemvirdeel wëllen d'Damen, d'Hären an d'Seniore sech den Titel (zeréck) huelen!

"Du spills Indiaca. Ok, a wat ass dat?", dat ass eng Reaktioun, déi d’Nathalie an d’Catherine ganz dacks ze héiere kréien. Indiaca gëtt et scho laang, ma immens bekannt ass de Sport net. E Fakt, dee sech duerch d’WM, déi elo am August hei zu Lëtzebuerg ausgedroe gëtt jo villäicht ännert. Den 2. August gëtt dës wärend der offizieller Opening Zeremonie am Amphitheater lancéiert a vum 03. August u ginn d'Matcher dann an der Coque ausgedroen.  De Spillopbau änelt dem Volleyball, ma e puer essentiell Ënnerscheeder an der Schnellegkeet, Technik a Material an och e puer kleng Reegelännerunge maachen Indiaca zu deem wat et ass. Matspille kann hei jiddereen, virun allem an de Loisirsekippen. Hei gëtt net grad esou dacks trainéiert an och Matcher ginn et insgesamt net all ze vill, vue dass et just 7 Veräiner uechtert d'Land ginn. Esou huet een am Joer 2-3 Deeg un deenen d'Championnat ausgedroe gëtt an ëm d'Coupe gëtt dann eben och just ënnert dëse 7 Veräiner gespillt.

Wéi kënnt een dozou Indiaca ze spillen?

Ma dëst Joer stinn dann awer eng Partie méi Matcher un, nämlech déi vun der WM! Heivir gouf dann natierlech och méi intensiv trainéiert an aus dësen Trainingen gouf eng Selektioun vu Kandidat*Inne gemaach fir d'WM-Ekippen 2022 zesummen ze stellen.

Nieft dem Training, dee wuertwiertlech zesummeschweesst, hunn d'Spiller*Inne sech och an der Fräizäit vill getraff fir Teambuilding ze maachen.

"Mir treffen eis all zweeten Dag gefillt a léieren eis wierklech kennen. An dat ass en extrem grousse Virdeel vun eiser Ekipp, wou mer och op der WM an der nervöser Stëmmung kënnen drop zréck gräifen"

Lauschtert iech hei den Interview mam Catherine an Nathalie un

Wärend an anere Länner nach méi Restriktioune verhënnert hunn, dass d'Ekippe sech treffen oder et einfach aus Distanz-Grënn net méiglech war konnten d'Spiller*Inne vu Lëtzebuerg den Team-Geescht intensiv fërderen. Ma e weidere Virdeel vun den Ekippen dëst Joer wär, dass se alleguerten en Trainerwiessel haten. Déi nei Trainer*Inne géifen och gréisstendeels aus dem Volleyball kommen an nei Spillzich a Strategie matbrénge wat potentiell e groussen Iwwerraschungseffekt fir déi géigneresch Ekippe kéint sinn.

E gewësse Respekt virun de Matcher bleift awer natierlech, virun allem en vue vun den amtéierende Weltmeeschter (Estland bei den Damen), awer och vis à vis vun Däitschland well bei deenen de Sport méi bekannt ass an deemno och op engem aneren Niveau gespillt gëtt.

Trotzdeem erhofft ee sech e gewëssen Heemvirdeel, esou d'Nathalie an d'Catherine, déi genee esou wéi déi aner Spiller*Inne vun de Lëtzebuerger Ekippen op d'Ënnerstëtzung vun de Spectateuren zielen. De komplette Planning vun de Matcher fannt dir hei!

Iwwregens: An der Senioren-Ekipp spillen eng ganz Partie Sportler mat, déi schonn 2008 den Titel bei den Häre konnten huelen. Mir hoffen, dass si an och déi aner Ekippen, et dëst Joer genee esou kënne maachen an den Titel mat heem bréngen, oder besser gesot hei heem halen!