Zënter Juli kréie Persounen, déi maximal 100.000 € verdéngen, netto méi an der Pai. Grond dofir, ass de sougenannten "Crédit d’Impôt Énergie".

D’Tripartite déi am Mäerz zejoert wéinst der Inflatioun aberuff gi war, hat jo fir Opreegung gesuergt. Um Enn vun de Verhandlungen hat den OGBL den Accord, dee bei dëser erauskomm war, net matgedroen. Ee Sträitpunkt war ënner anerem, d’Verréckele vun Indextranchen op den Abrëll d’nächst Joer. Ma obwuel, dat um Enn decidéiert gouf, dierfte vill vun Iech bei der leschter Pai méi Suen iwwerwise kritt hunn.

Grond dofir ass de sougenannten "Crédit d’Impôt Énergie". Dësen ass eng vun de Mesuren, déi am Kader vun der Tripartite decidéiert goufen. An deem Kader haten d’Regierung, d’Patronat an 2 vun den 3 grousse Gewerkschaften ënner anerem festgehalen, dass d’Indextranche, vun där een deemools ausgaange war, dass se héchstwarscheinlech am Juli fälleg géif ginn, op den Abrëll nächst Joer verréckelt soll ginn.

Ma obwuel,d’Indextranche verréckelt ass, gouf et am Juli méi an der Pai. Wat huet et elo domadder op sech? Mir erënneren eis: Fir d’Verréckele vun der Indextranche ze kompenséieren, gouf jo decidéiert, dass d’Menagen, mat engem Akommes vu maximal 100.000 € am Joer e Steierkredit op d’Energie ze gutt hunn. Konkret bedeit, dat also, dass dës Persounen zënter Juli netto méi op hirem Paiziedel stoen hunn.

Wéi héich de Steierkredit genee ass, hänkt vun der Brutto-Pai of. Bei engem Akommes vun tëscht 78 an 3.667 € de Mount, kritt een elo, pro Mount, 84€ netto méi de Mount. Bei enger Pai déi tëscht 3.667 a 5.667 de Mount läit, ginn et tëscht ronn 84 a 76 € méi. Bei enger Pai vun tëscht 5.667 bis 8.000 € sinn et tëscht ronn 76 an 10 € méi. Vun enger Pai vun 8.334 € un, kann een net méi vum Steierkredit profitéieren.

De “Crédit d’Impôt Énergie” ass nach bis Mäerz d’nächst Joer inclus a Kraaft.