Keng Loscht op Sport? Dat magescht Gewierz soll änlech Wierkungen op de Kierper hunn wéi eng Stonn Sport maachen.

An villen indesche Plat’e fënnt een dat magescht Gewierz erëm; de Kurkuma. Fuerscher hunn an enger Etüd erausfonnt dass deen änlech Wierkunge fir de Kierper soll hunn wéi ee Workout vun enger Stonn. Si hunn Fraen a Männer gefrot 1-2 Méint laang d’Gewierz zou sech ze huelen.

Virun allem fir Frae déi un altersbedéngte Gesondheetsproblemer leiden oder grad d’Menopause hannert sech hunn ass de Kurkuma en Wonnermëttel. Deen soll bannent 2 Méint hirer Gesondheet en Boost ginn hunn.

Net nëmme fir Fraen ass Kurkuma wichteg. Tatsächlech hunn d’Fuerscher no engem Mount positiv kardiovaskulär Verännerunge festgestallt. Leit déi reegelméisseg Kurkuma zou sech huelen, solle 56% manner Risiko hunn en Häerzinfarkt ze hunn. Duerch de Polyphenol am Kurkuma sollen all déi positiv vaskulär Verännerunge kommen. Deen gëtt dem Kurkuma och déi giel Faarf.

Duerch déi positiv Aspekter soll de Kurkuma de selwechten Effekt op de Kierper hunn wéi en 60 Minutte laangen Aerobictraining.

Natierlech kann en reegelméisseg Kurkuma-Konsum en effektive Work-out net komplett ersetzen. Am beschten ass et déi zwee ze verbanne fir déi effektiivst Resultater.

Lauschtert hei de ganze Reportage