Pardon watgelift? Eng Etüd an den USA huet eng Lëscht gemaach mat de Schauspiller déi een am schwéierste versteet.

Ëmmer méi Leit benotzen Ënnertitel wann si Serien an hirer original Sproch kucken. Dat läit net onbedéngt dorun dass ee Problemer mat der Sprooch huet mee éischter dass verschidde Schauspiller schwéier ze verstoe sinn.

Eng Etüd huet an Amerika erausfonnt dass 50% vun de gefrote Leit hir Serië souguer an hirer Mammesprooch mat Ënnertitel kucken a bei de Jugendleche sinn et souguer 70%. An der Etüd hunn sinn eng Lëscht gemaach vun de Staren déi am schwéiersten ze verstoe sinn.

Ganz Uewen op der Lescht steet de brittesche Schauspiller Tom Hardy. Hien ass virun allem dofir bekannt ganz ondäitlech a senge Filmer ze schwätzen. Sou schlëmm dass am Batman Film «The Dark Knight Rises» seng Tounspuer misst no viller Kritik beaarbecht ginn.

Nom Tom Hardy steet d’Sofia Vergara op Platz 2. D’«Modern Family» Star ass bekannt fir hire staarke mexikaneschen Akzent, dee fir verschiddener schwéier ze verstoen ass ouni Ënnertitel.

De Johnny Depp steet och an der Top 5 vun der Lëscht, wëll hie fir seng verschidde Rolle vill mat senger Stëmm spillt.

Beim US-Publikum läit de Problem also net nëmmen un der Tounspuer mee och un de verschiddenen Akzenter. Dofir fënnt een och de Sean Connery, de Jackie Chan, de Benedict Cumberbatch an de Michael Caine op der Lëscht, och wann si amfong relativ däitlech schwätzen.

Lauschtert hei de ganze Reportage