"Ze vill um Handy si mécht domm" - Wéi vill Impakt de Smartphone op eist Gediechtnes huet hu Fuerscher vun der Universitéit vu London nogesicht.

Soubal mir iergendwellech Fakte siche gräife mir direkt op de Smartphone zeréck amplaz selwer ze iwwerleeën. Doduerch soll eist Gediechtnes esou geschwächt sinn, dass mir näischt méi richteg auswenneg léieren kënnen. Fuerscher vun der Universitéit vu London hunn déi Theorie a Fro gestallt an hirer Etüd.

158 Leit am Alter vun 18 bis 71 hunn an dëser Etüd matgemaach. Fir erauszefanne wéi vill Impakt d’Smartphonenotzung op eis Gediechtnesleeschtung huet, hunn d’Fuerscher hinne Gediechtnesaufgabe ginn déi si op enger Tablett oder engem Computer missten erfëllen.

D’Aufgab war eng Aart digitalen Zuelen-Memory. Wärend 16 Duerchgäng missten si 12 Kreesser mat Zifferen entweder no lénks oder no riets drécken. Wann si sech verhal hunn weieng Zuel wouhi gehéiert huet goufen si mat Sue belount.

Eng vun den zwou Säite war eng sougenannten «Premium-Säit», op déi si méi Sue verdéngt hunn wann se déi richteg Zuelen dohi gedréckt hunn. An fir 8 vun de 16 Duerchgäng konnten si sech eng Gediechtneshëllef huelen. Déi hunn si meeschtens da fir déi méi wäertvoll Zuele benotzt.

Zum Schluss hunn d’Leit sech dann awer besser un déi manner wäertvoll Zuelen erënnert, fir déi si keng Hëllef benotzt haten. Doduerch dass mir eis nemmei alles musse verhalen, späichert eise Kapp éischter just déi wichteg Informatioune wéi Passwierder.

Déi Etüd huet also deelweis bewisen, dass een net manner gutt auswenneg léiere ka mee eist Gehier éischter selektiv schafft.

Lauschtert hei de ganze Reportage