Déi jonk Sängerin wäert de 5. August seng nei Single "Livin' Free" erausbréngen.

 

Lauschtert hei de ganze Reportage

Déi 20 Joer al lëtzebuergesch Sängerin Hannah Brucher ass säit laangem schonn um sangen interesséiert an huet sech awer réischt bësse méi spéit  dofir entscheet dëst och méi professionell ze maachen.

"Säitdeem ech op 6ième sinn, sinn ech sou bëssen an d'sange ragerutscht. An an der Schoul hunn ech vill Musek gemaach an no der Première sinn ech dunn net direkt studéiere gaangen an dunn hat ech iergendwéi mega Loscht selwer Musek ze maachen an och selwer bësse weider ze kommen."

Säit engem Joer ass d’Hannah dann och lo amgaange selwer Musek ze schreiwen an och ze produzéieren. Hei huet hat sech och Hëllef vum Max Hochmuth geholl, mat deem hat och an de Unison Studios zesummegeschafft huet.

"De Kontakt ass komm doduerch dass ech meng éischt Single an engem Studio opgeholl hunn. An duerno hat ech einfach bësse Loscht aner Kontakter ze fanne wou ech nach bësse weider kommen. An dunn hunn ech gesinn dass dee Creative Hub zu Déifferdeng eng Porte Ouverte hat. An dunn sinn ech einfach do an de Studio gaangen an ech hu gefrot: huet hei iergendeen Loscht Musek ze maachen oder huet hei iergendeen Loscht meng Demoen ze lauschteren."

Fir d’Hannah ass et awer dann och ee schéint Gefill ze gesinn, dass d’Leit seng Musek feieren an doduerch mécht et him och sou vill Spaass eege Musek ze schreiwen an erauszebréngen. Fir säi Stil ze fannen huet d’Hannah sech och bëssen un enger Richtung inspiréiert, probéiert awer säin eegene Wee ze fannen.

"Wat mech sou am meeschten inspiréiert ass Soul Musek. Ech hunn d'Gefill dass ech meng Stëmm och einfach sou bësse leede loossen an da kann och eppes Eegenes dobäi rauskommen. Mee et ass awer lo net dass ech mech konkret u Leit inspiréiere mee et geet awer bëssen an eng Soul Richtung."

Elo huet d’Hannah dann och seng zweet Single produzéiert déi de 5. August ënnert dem Numm "Livin’ Free" erauskomme wäert. D’Single ass da wärend deene leschte 6 Méint produzéiert ginn an ass elo da ready fir released ze ginn.

"Et geet bëssen sou em dat Gefill dass verschidde Leit een Androck bei der hannerloossen, déi een unzéiend fënns an dengem Liewen. Du gees bëssen an den Daydreaming wou's de iwwert déi Leit nodenks a wat dat kéint méi sinn an dengem Liewen. Dann awer och de Contraire dass et och heiansdo cool ass eleng ze sin."

An Zukunft wäert d’Hannah dann nach probéiere weider Musek ze schreiwen och wann hat sech och nach op säin Theater-Studium muss konzentréieren. Awer och Live-Optrëtter dierfen net ze kuerz komme vue dass d’Hannah immens gär op der Bün steet a sengem Publikum seng Musek wéist.