
© Scott Garfield/CTMG
Den neien Action-Film leeft haut, 3. August, offiziell am Kinepolis Kierchbierg & Belval un. D'Martine war op der Avant-Première mat dobäi.
Fënnef Opdragsmäerder sinn zoufälleg am selwechten Zuch a fanne lues a lues eraus, dass hier Missiounen awer iergendwéi zesummenhänken. Een dovunner ass de Ladybug (Brad Pitt), dee scheinbar vum Pech verfollegt gëtt. Den Haaptfokus vun der Story läit op him, an awer wiesselt de Point de Vue vun engem Kriminellen op deen aneren.
De Film spillt a Japan an zu 90% befanne mer eis am Bullet Train, engem Schnellzuch dee vun Tokio op Kyōto fiert. Also e bëssen wéi am Film Speed spillt sech och hei quasi alles op enkstem Raum of. Dotëscht kréien d’Zuschauer awer kleng Ablécker an aner Zäiten oder op aner Plazen, duerch déi ee méi iwwert de Background vun den verschiddene Protagoniste gewuer gëtt.
Faarweg Neon-Luuchten an den Ufankszeene versetzen een direkt an d’Stroosse vun Tokio. Kulturell Elementer wéi Kampfsport-Zeenen an och dat deelweis absurd Opdauche vun enger Anime-Figur ronnen déi japanesch Ambiance perfekt of, ouni dass et ze vill iwwerdriwwe wierkt.
De Wiessel tëscht Action, Spannung an Humor suergt dofir, dass de Film, dee méi wéi 2 Stonnen dauert, zu kengem Moment langweileg oder ze laang wierkt. Duerch d’Regie & d’Kameraféierung gëtt de Film ganz gezielt be- respektiv entschleunegt an esou gëtt eng genial Dynamik geschaaft. Gléck a Pech zéie sech duerch de Film wéi e roude Fuedem. Näischt geschitt zoufälleg an d'Schicksal ass scheinbar Schold drun, dass d'Leit zou enee fannen an hier Geschichte sech an enee verstrécken.
Wéi ech den Trailer gesinn hunn, hunn ech gefaart de Film wier villäicht e bëssen too much am Sënn vun: nëmmen Action, onnéidegt Gemetzel, ee schwaache, blöde Witz no deem aneren an alles verpaakt an där dach sou spezieller, asiatescher Kuliss. Deem ass awer ganz a guer net sou. Ech hunn et allefalls net sou empfonnt. Wichteg Detailer, ongeléiste Rätselen an e grandiose Brad Pitt a senger liicht skurriller Roll suergen dofir, dass et bis zum Schluss spannend bleift. Heiansdo verléiert ee villäicht liicht den Iwwerbléck, wien dann elo schonn alles erschoss oder erstach gouf a wien nach lieft. Mee och dës liicht Verwirrung vum Spektateur suergt fir deen een oder aneren Iwwerraschungsmoment. All klengt Element am Film spillt eng méi oder manner wichteg Roll. Dat mécht d’Story esou pakend a suergt dofir, dass et um Enn eng richteg ronn Geschicht ass.
Fir mech ganz kloer: 5/5 Stären
Ech si ganz éierlech, e Film brauch an der Reegel net vill fir mech ze begeeschteren. Mäi Partner kuckt awer mat engem vill méi kritesche Bléck op d’Filmwelt an huet gemengt, et wier dee beschte Film, deen zënter Joren eraus komm ass. 20 Minutten nodeems mir aus dem Kinossall eraus waren ass de Film nach eemol gelaf. A wann deen nächsten Dag de Wecker net esou fréi gaange wier, wäre mer en direkt nach eemol kucke gaangen. Ouni ze zécken.