Déi nei "Jorts" sinn dëse Summer am Trend. Deen Jeans-Short deem engem bis kuerz iwwer d'Knéie geet, kann een op villen Aart a Weise stylen.

D’Hotpants sinn out an déi sougenannte Jorts sinn in. Et handelt sech beim neien Trend em en labbere Jeans-Short deen engem kuerz iwwert d’Knéie geet.

Déi sollen net nëmme méi gemittlech si wéi Hotpants, mee déi kann een tatsächlech an all méiglechen Aart a Weis stylen. Mat engem eleganten Hiem an Talleke-Schong ass dat de perfekten schicke Summerlook. Mat engem schlichten Top, engem oppenen Hiem a Sneakere kann ee mat de Jorts och en schéine labbere Look gestallten.

Net nëmme fir Frae sinn d’Jorts am Trend. D’Jorts stinn dëse Summer och an de Kleederschief vu ville Männer.

Béi de Staren, sou wéi d’Gigi Hadid an de Justin Bieber, sinn d’Jorts och ganz beléift.

D’Jorts kann een net nëmmen an onendlechen Aart a Weis stylen, mee déi kann ee souguer selwer maachen. Dofir brauch een nëmmen eng al Jeans-Box an eng schaarf Schéier a schonn huet een säi selwer-gemaachte Puer Jorts.

Lauschtert hei de ganze Reportage