
© Pexels.com
Du wëlls all Dag méi fréi schlofe goe mee läits dann awer bis 12 Auer am Bett um Handy oder mat der Serië? Dat nennt sech Revenge Bedtime Procrastination.
Wann een dann eng Kéier um 10 schonn am Bett läit an ee fir eng Kéier déi gebrauchten 8 Stonne schlofe kéint, kennt et oft fir dass een dann awer nach eng Stonn um Handy sëtzt, nach puer Folge vu senger Serie kuckt; an dann ass et schonn no Mëtternuecht. Schlussendlech huet een dann awer erëm nëmme 5 Stonne schlof an et seet een sech erëm «Muer awer wierklech méi fréi an d’Bett».
No der Aarbecht, nom Akafen, den Hobbyen an anere Beschäftegunge fänkt fir vill Leit de Feierowend eréischt richteg um 9 Auer un. Meeschtens wëll een dee Moment dann ausnotze fir déi Fräizäit nozehuelen déi een am Dag net hat. Doduerch verléiert een dann awer wichteg Stonnen un Schlof. Dat nennt een «Revenge Bedtime Procrastination».
Déi Zäit schätzt een zwar als ze wäertvoll fir se mat Schlof ze verschwenden, mee gläichzäiteg ass een ze midd fir Owes nach eppes Produktives ze maachen.
Wéinst dem Mangel un Schlof ass een den Dag drop da midd an doduerch gëtt den Dag nach méi stresseg. Tatsächlech geet en meeschtens den Dag drop och net méi fréi schlofen, well schlofdeprivéiert Leit manner Selbstkontroll hunn an dann erëm Owes ze spéit schlofe ginn.
Fir dat ze vermeide kann een zum Beispill sech méi Pausen am Dag huelen a virum Schlofe goen den Handy aus der Kummer loosse fir net nach puer Stonnen op deem ze hänken.