Süchteg sinn nom Verléiftsinn nennt een och Emophilie. Wann een dorënner leit, verléift een sech séier, oft a staark.

Kennt dir eng Persoun déi sech oft, séier a staark verléift? Déi kéint ënnert der sougenannten «Emophilie», also der Sucht vum Verléiftsinn leiden. Wann ee verléift ass, produzéiert eise Kierper Glécksgefiller no déi een da süchteg ka ginn.

Wann een ënner Emophilie leid, verléift een sech séier fir eng aner Persoun wann déi engem en Kompliment mécht oder einfach engem e bëssen Opmierksamkeet gëtt. Dobäi denke Leit déi dëst Sucht hunn un näischt Aneres méi wéi Léift, a kënnen sech dann nemmei op der Aarbecht oder op aner Beräicher an hirem Liewe konzentréieren.

Beim Verléiftsinn stellt eise Kierper och Stresshormoner hir. Dee Stress kann schwéier Folgen op säin Alldag hunn, well een säi Liewen domadder aschränkt.

Oft leiden haaptsächlech déi Leit ënnert der Emophilie, déi en Mangel un Selbstbewosstsinn hunn, an sech da Komplimenter an Opmierksamkeet enzwousch anescht sichen. Et kann awer och dru leien dass si Angscht hunn verletzt ze ginn an doweinsder de Partner wiessele soubal d’Bezéiung méi eescht gëtt.

Géint Emophilie hëlleft Psychotherapie, déi fir d’éischt no der Ursaach sicht an duerno déi bescht méiglech Method siicht fir déi Sucht nom Verléiftsinn lasszeginn.

Lauschtert hei de ganze Reportage