Dem Jaylin Keyshawn White gouf fir den Iwwerfall vum Lady Gaga sengem Hondsitter, Ryan Fischer, e Mëttwoch zu 4 Joer Prisong verurteelt.

Am Februar 2021 gouf de Ryan Fischer, dem Lady Gaga säin Hondsitter, vum Jaylin Keyshawn White an zwee anere Komplizen ugegraff. Hir’t Ziel war et dem Lady Gaga seng dräi Franséisch Bulldoggen ze kidnappen.  Tatsächlech geet d’Police dovunner aus dass si net wossten dass dess dem Lady Gaga seng Hënn waren, mee se geklaut hunn well déi Hondsrass ganz wäertvoll an deier ass.

Wärenddeem Iwwerfall gouf de Ryan Fischer ugeschoss a schwéier blesséiert. Hien huet méi spéit och de Leit matgedeelt dass hien bal gestuerwen ass. Duerch d’Verletzung funktionéiere verschidden Deeler vu senger Long nemmei.

D’Lady Gaga selwer konnt zu deem Zäitpunkt net vill maachen, well et zu Roum war fir den Dréi vum Film «The House of Gucci».

D’Ugräifer hunn just zwee vun den dräi Hënn geklaut kritt, den drëtte konnt séier genuch fortlafen. D’Lady Gaga huet seng Hënn dann zeréck kritt, nodeems si eng Fra eng hallef Millioun bezuelt huet, déi d’Hënn angeblech fonnt hätt. Duerno krut si d’Suen awer zeréck, well sech erausgestallt huet dass déi Fra och eng Komplizin war a gouf da festgeholl.

De Jaylin Keyshawn White gouf en Mëttwoch zu véier Joer Prisong verurteelt an den 19-Järege Kompliz gouf no fënnef Méint siche festgeholl.

Lauschtert hei de ganze Reportage