Eng Jonk Lëtzebuergerin sammelt an der Schwäiz mat enger ongewéinlecher Aktioun Sue fir e gudden Zweck.

D’Natascha Joy Klein ass 25 Joer al a lieft a schafft als Lëtzebuergerin an der Schwäiz. Hei huet hatt sech mat engem eegene Piercing-Studio selbststänneg gemaach. Bei säi Beruff, ass hatt allerdéngs iwwer en Ëmwee komm.

No der Schoul hat d’Natascha Joy nämlech zu Lëtzebuerg an engem Büro geschafft. Wéinst enger Bezéiung war hatt dunn an d’Schwäiz ausgewandert. Ma obwuel dës Bezéiung net gehalen huet, war hatt an der Schwäiz bliwwen. Och hei huet hatt als éischt an engem Büro geschafft.

Seng Begeeschterung fir Piercingen hat hatt iwwerdeems scho fréi am Liewe fonnt. Mat 14 Joer, hat hatt seng Eltere mat ganz vill Méi dozou iwwerriet kritt, him d'Erlabnis ze ginn, fir sech en Nuesen-Piercing stiechen ze loossen.

Lauschtert hei de Reportage!

Nodeems hatt dann och an der Schwäiz fir eng kuerz Zäit an engem Büro geschafft huet, hat hatt decidéiert, sech berufflech nei ze orientéieren an eng Ausbildung am Beräich “Permanent Make Up a Mikro-Blading” ze maachen. Ma wéi hatt sech eng Kéier en neie Piercing stieche gelooss huet, war hatt mat de Besëtzer vun engem Piercing-Studio an d’Gespréich komm. Wéi déi him erkläert hunn, dass si Piercerinne sichen, hat d’Natascha Joy sech decidéiert, zousätzlech eng Ausbildung als Piercerin ze maachen.

Nodeems hatt eng Zäit an engem Piercing-Studio geschafft hat, huet hatt sech virun engem Joer mat engem eegene Studio selbststänneg gemaach. Op enger Convention hat hatt dunn e Stand nieft engem Dinosaurier-Musée aus der Schwäizer Gemeng Bellach. Wéi sech am Gespréich erausgestallt hat, dass de Musée grad Sue fir en neien Dinosaurier-Skelett sammelt, hat déi jonk Lëtzebuergerin sech kuerzerhand dozou decidéiert de Musée mat enger Spenden-Aktioun ze ënnerstëtzen. Wärend 3 Deeg bitt hatt, a sengem Studio Piercinge fir ee méi gënschtege Präis un. D'Suen, déi op dës Manéier zesummekommen, ginn dann un de Musée, fir dëse bei der Finanzéierung vum Dinosaurier-Skelett ze ënnerstëtzen.

Vum 10 bis den 13 August, wëll d’Natascha Joy op dësem Wee tëscht 2 an 3000 Schwäizer Frang fir de Musée sammelen. Déi jonk Lëtzebuergerin, well sech iwwerdeems och an Zukunft a senger neier Heemecht anzebréngen. Hatt wëll elo nämlech all Joer esou eng Spendenaktioun duerchféieren.