D’Rentrée ass do, a soumat verbréngen d’Schüler*innen och erëm vill Zäit an de Klassesäll a soumat och mat de Proffen, an déi hunn ëmmer e Sproch parat...

Et kuckt een op d’Auer, d’Stonn ass a puer Sekonnen eriwwer an et wëll een natierlech net ze spéit an de nächste Kuer kommen, deen am aneren Enn vum Gebai ofgehale gëtt, dofir gëtt mat Zäite gepackt. Knapps huet een dobäi d’Waasserfläsch zréck an de Kuerf gepaack kënnt och schonn den éischte Saz ënnert de Klassiker:

«D’Stonn ass eréischt eriwwer wann ech dat soen»

Jein, theoretesch ass et jo wann een d’Schell héiert, woubäi dat praktesch oft natierlech anescht ausgesäit. Dann ass et endlech souwäit, schnell weider an de nächste Kuer, virdrunner nach e Stop beim Casier, an dann zügeg virun. Déi nächst Stonn fänkt un, an direkt mellt sech d’Blos. Jo do war wuel eppes mat enger Pipispaus déi vergiess gouf, dofir Zäit fir op d’Toilet, oder?

«Häss de dat net an der Paus kéinte maachen» Oder «Obs du et kanns weess ech net, mee du dierfs et gäre probéieren »

Sinn do Spréch, déi sech déi meeschte Proffen net verknäife kënnen... an dat sinn der natierlech just puer vu ganz villen!

Lauschtert hei de ganze Reportage