Selbstmord ass en Thema, dat nach ëmmer mat engem gewëssenen Tabu verbonnen ass. De 10. September ass de Weltdag zu der Suicide-Preventioun. 

Preventioun ass just méiglech wann een effektiv bereet ass iwwer dëse schwierege Sujet ze schwätzen. An d’Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale an d’Prevention Suicide setze sech dofir an d’Bevëlkerung an deem Kontext ze sensibiliséieren. Am Joer 2019 war méi wéi ee vun 100 Doudesfäll weltwäit e Suicide. Bei Männer ass de Selbstmord-Taux zwee bis dräi mol esou héich wéi bei Fraen. Bei Gruppen, déi diskriminéiert ginn, ass de Risiko méi héich fir Suicide-Gedanken ze hunn. Duerch Sensibiliséierung kann een awer d’Stigmae ronderëm reduzéieren an domadder d’Zuel och erofsetzen.

Lauschtert de ganze Reportage!

Wichteg ass virun allem de Message dass et ëmmer eng Alternativ zum Selbstmord gëtt. All Geste kann engem hëllefen sech net fir deen Auswee z’entscheeden. Wat komplizéiert ass, ass dass Suicide-Gedanke ganz komplex sinn. Vill verschidde Facteure kënnen dozou féieren dass eng Persoun sech an esou enger Situatioun befënnt, esou d’Ligue an d’Prevention Suicide an engem Communiqué.

Et ginn awer och Méiglechkeete fir de Leit ze hëllefen. Fir d’éischt kann een enger Persoun ze verstoe ginn, dass ee fir si do ass. Et muss een net onbedéngt konkret Léisungen hunn, mee de Fait dass ee fir eng Persoun do ass, op eng Persoun duerkënnt a mat hir iwwer hir Probleemer schwätzt, ka scho vill hëllefen. E klengt Gespréich kann nämlech Liewe retten.

Donieft kann ee sech iwwer d’Thema informéieren, an dozou bäidroen dass méi offen doriwwer an der Gesellschaft geschwat gëtt. Et ass och wichteg dass Leit, déi perséinlech betraff sinn, hir Erfarung mat anere Leit deelen. Sief et dass si vläicht eng Persoun an hirem Ëmfeld verluer hunn oder selwer mat Suicide-Gedanken ze kämpfen haten.

Wann dir oder eng Persoun, déi dir kennt, dorënner leit, kënnt dir bei SOS Détresse um 45 45 45 uruffen oder op de Site www.prevention-suicide.lu goen.