Den Energieminister Claude Turmes huet en Donneschdeg d'Energie-Spuercampagne vun der Regierung virgestallt.

15 Prozent Energie spueren

Den Energieminister Claude Turmes sot dass de Moment d'Gasspäicher gefëllt si mee dat geet net duer wann Russland d'Gasliwwerungen op 0 setzt. Et ass dowéinst kloer dass ee spuere muss. De Minister huet ënnerstrach dass dat en Defi fir d'Gesellschaft ass an dass een a schwieregen Zäiten net nëmmen um nationale mee och um europäeschen Niveau zesummenhale soll. All Land gëtt jo encouragéiert 15 Prozent Energie ze spueren: dës entspriechen de Modelliséierungen op europäeschen Niveau wa Russland ganz mat de Gasliwwerungen ophält.

"Zesumme spueren, zesummenhalen"

5 Ministèren hunn zesummegeschafft fir sech op déi nei Campagne mam Slogan "zesumme spueren zesummenhalen" virzebereeden. Et sollen deemno Efforte bei den ëffentleche Gebaier, grousse Bürosgebaier a bei de Leit doheem gemaach ginn. Zum Beispill kann ee wann een ee Grad manner an der Stuff huet, 6 Prozent Energie spueren.

Spuerstrategie op fräiwëlleger Basis

Et handelt sech ëm eng graduell Spuer-Strategie: fir de Moment ass ee bei der Fräiwëllegkeet. D'Moossname sinn also nach net obligatoresch. Wann déi 15 Prozent net erreecht ginn oder wann e Noutstand ausgeruff géif ginn, missten et dann obligatoresch Moossname ginn. E Reglement grand-ducal gëtt an deem Kader virbereet. Déi 3. Stuf wier dann de Plan d'Urgence mat gereegeltem Ofspären. Bei der Spuercampagne geet et net just ëm de Gas mee och ëm de Stroum, well d'Situatioun och ugespaant ass.

Eng kloer Moossnam ass d'Aféiere vun 20 Grad an de Bürosgebaier, d'Gäng sollen och net gehëtzt ginn, an et soll een Efforte bei der Beliichtung a Belëftung maachen. Dowéinst goufe Circulairen un all Ministèren a Staatsbeamte geschéckt. Den 31. Mäerz gëtt evaluéiert ob een d'Moossnamen upasse soll.

RTL

© Eldoradio

Gemengen spueren och

D'Inneministesch Taina Bofferding huet d'Mesurë virgestallt, hei spillen d'Gemengesyndikater eng wichteg Roll. E 4-Phase-Konzept gouf presentéiert: déi éischt Phas ass präventiv op strukturellem Plang (passiv bauen, an nohaltegen Energien investéieren), an der zweeter Phas geet et drëms sech op den Eeschtfall virzebereeden. Bei der drëtter Phas geet et ëm e Monitoring iwwer d'Energie-Depense vun de Gemengen. Wann eppes opfält, hëlt den Inneministère Kontakt mat der Gemeng op. Déi 4. Phas entsprécht dann dem Neiopbau wann ee sech an enger Katastroph befënnt.

Moossnamen bei de Betriber

De Mëttelstandsminister Lex Delles huet de Volet vun den Entreprisë virgestallt. D'Entreprise ënner anerem Industrien, Handwierk, Commerce an Horesca kënnen dozou bäidroen Energie ze spueren. Hei gëtt och eng Circulaire un all Betrib mat Stickeren a Recommandatioune geschéckt.

De Serge Hoffmann vum Syvicol sot dass vu dass all Gemeng Member vum Klimapakt ass, och all Gemeng e Klimaberoder huet. Dat géif sech jo elo och gutt ubidden an dëser aktueller Situatioun. D'Gemenge sollen als Virbildfunktioun agéiere mee och d'Bierger beroden. De Fernand Ernster aus der Chambre de Commerce sot dass zum Beispill am Horesca-Secteur Moossname publizéiere fir zum Beispill an der Kichen ze spueren. Och den Alexandre Kieffer aus der Chambre des Métiers sot dass d'Betriber staark engagéiert si fir Energie ze spueren. Bei deenen zwou Kummere ginn et Hotlines bzw. Helplines fir d'Leit ze beroden.