
© ALAIN JOCARD / AFP
Engem 48 Joer alen Amerikaner, waren duerch d'Fëmme vu Cannabis bal d'Fangerspëtzen erofgefall.
Net schlecht gestaunt haten d’Dokteren am Boston Medical Center, ewéi op eemol en 48 Joer ale Mann mat bloe Fangerspëtzen, virun hinnen, an der Urgence vum Spidol stoung. Dëst ëm esou méi, well de Mann, ofgesi vu senge Fangeren, eigentlech bei beschter Gesondheet war. Ma d’Medezinner hunn de Fall esou interessant fonnt, dass si en Artikel iwwert dëse geschriwwen an an der Fachzäitschrëft “Annals of Emergency Medicine” verëffentlecht hunn.
De Grond, fir dem Mann seng blo Fangerspëtzen, war nämlech éischter kuriéis. Schold war nämlech, dem Mann säi jorelaange Konsum vu Cannabis. Dësen hat dozou gefouert, dass d’Arterie vum Mann sech entzünt hunn a seng Fangerspëtzen net méi mat Blutt versuergt goufen. Dës haten doropshin ugefaangen ofzestierwen. Deementspriechend hat de Mann dann och scho ronn Plazen op senge Fangeren, déi him wéi gedoen haten, well seng Haut ugefaangen haten.
Dem Mann säi Probleem huet dann och en Numm: Cannabis Arteriitis. Dës Krankheet, ka bei Mënschen optauchen, déi jorelaang, vill Cannabis konsuméieren. Allerdéngs, ass se enorm rar. Zënter 1960, goufen an der medezinescher Fachliteratur nëmme ronn 50 Artikelen iwwer Fäll vu Cannabis-Arteriitis, publizéiert.
Et ass dann och net genee gewosst, firwat d’Fëmme vu Cannabis dëse Probleem ausléist. An Etüde mat Raten, gouf jiddwerfalls nogewisen, dass d’Wierkstoffer Delta8- an Delta9-Tetrahydrocannabinol – kuerz THC – dozou féiere kann, dass d’Oderen an de Fanger an an den Zéiwen sech zesummen zéien.
Sou schlëmm sech dëse Probleem och unhéiert, ass seng Léisung awer zimmlech einfach. Esoulaang nach net ze vill Haut ofgestuerwen ass, geet et, an der Reegel duer, wann een ophält mat dämpen.