D'Elizabeth II. ass am Alter vu 96 Joer gestuerwen. Wat waren déi wichteg Etappen an hirem Liewen a wéi geet et elo a Groussbritannie weider?

Fréi politesch Responsabilitéit awer eng onwarscheinlech Trounfollgerin

D’Elizabeth II. gouf den 21 Abrëll 1926 als Elizabeth Alexandra May am Londoner Staddeel Mayfair gebuer. Si war dat eelste Kand vum deemolegen Herzog vu York a spéidere brittesche Kinnek George VI. a senger Fra Elizabeth. En Erliefnis, wat si scho fréi politesch gepräägt huet, dierft den 2. Weltkrich gewiescht sinn. Wärend Dësem huet si de Militärdéngscht absolvéiert. Zum Schluss vum Krich, hat si dann och als Member vum Staatsrot dann och, eng éischte Kéier, politesch Responsabilitéit iwwerholl.

An der Reiefolleg vun den Trounfollger war si ursprénglech op der 3. Plaz. Ma wéi hire Grousspapp George V. 1936 gestuerwen ass, koum hire Pätter, Edward VII., op den Troun. Dësen hat awer nach am nämmlechte Joer, missen ofdanken, well hien eng, biergerlech, amerikanesch Schauspillerin bestuede wollt, wat deemools e Skandal war. Hire Papp, George VI. gouf doropshi Kinnek. Ma nodeems Dësen 1952 gestuerwe war, ouni virdrun nach e Bouf ze kréien, gouf d’Elizabeth am Alter vu 25 Joer brittesch Kinnigin.

Wéi geet et nom Dout vun der Kinnigin weider? "Operation London Bridge"

D’Demarchen, déi a Groussbritannien nom Dout vun der Kinnigin oflafen, sinn an engem Protokoll mam Numm "Operation London Bridge" festgehalen. Onmëttelbar nom Dout vun der Kinnigin, gouf déi brittesch Premierministesch Liz Truss iwwer Telefon mam Code-Saz "London Bridge is down" informéiert. Doropshin hat si, nach en Donneschdeg den Owend  dann e Protokoll an d’Weeër geleet, deen an 10 Deeg laang dauert. Wärend dëser Zäit, ass a Groussbritannie Staatstrauer an de politesche Betrib kënnt quasi zum Stëllstand. Well déi brittesch Kinnigin a Schottland gestuerwen ass, wäert hier Läich dann aus Schottland an de Buckingham Palace bruecht ginn. Den 10. Dag, ass dann dat offiziellt Begriefnis an der Westminster Abbey.

Zënter en Donneschdeg den Owend, ass  den Charles den III. offiziell de brittesche Kinnek. Dat wäert e Freideg, oder e Samschdeg nach eng Kéier vun engem spezielle Rot confirméiert ginn. Als seng éischt Aufgab wäert hien dann duerch Groussbritannie reesen an eng ganz Partie offiziell Ausdréck vu Bäileed entgéint huelen. Seng offiziell Kréinung wäert awer eréischt no der Elizabeth II. hirem Begriefnis stattfannen.