En Donneschden, Freiden a Samschden ass am Jardin de Wiltz erëm eent vun de spektakulärsten Events hei zu Lëtzebuerg: Nuits des Lampions 2022!

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

Dat ganzt Joer iwwer flécken a bauen déi inklusiv Atelieren vu COOPERATIONS Lampionen, déi wärend den Nuits des Lampions an Zeen gesat ginn. Nieft Mënsche mat Behënnerung schaffen awer och aner Kënschtler*innen aus ganz Europa mat um Projet. Si kommen all Joers fir e puer Wochen op Woltz an eng Residenz a kreeéieren nei Lampionen an aner Konschtwierker déi ausgestallt ginn. Koordinéiert gëtt dat Ganzt dann vum Bryan Tweddle, de kreative Kapp hannendrun, dee säit där alleréischter Editioun 2007 mat dobäi ass.

«De Bryan kënnt all Joers fir e puer Wochen op Woltz fir mat eis auszeschaffen wéi d’Lampionen an Zeen gesat solle ginn. Zesummen kucke mir dann, dass et ëmmer eppes Neies ass an eng Iwwerraschung fir d’Leit.» (Anne-Marie Krettels, Programmation Culture COOPERATIONS)

En Donneschden ass déi grouss Ouverture vun den Nuits des Lampions am Jardin de Wiltz. Wuel spillt d’Weeltzer Musek an et gëtt de Vernissage vun der Konschtausstellung «Out Of Control, But Real!» an der Galerie Prabbeli, deen Owend wier virun allem awer fir déi Leit déi sech wierklech op de Gaart konzentréieren an aloosse wéilten.

Freides a samschdes gëtt dann awer richteg vill Kader-Programm gebueden. Dat geet vu Schattentheater, iwwer Kostümer déi liichten, bis hin zu Magie oder Danz-Performances. Um musikalesche Line-Up vun den Nuits des Lampions stinn zum Beispill d’Benoit Martiny Band oder Le Vibe aus Lëtzebuerg, awer och Headliner aus dem Ausland. Dat sinn zum Beispill d’Sylvie Kreusch aus der Belsch mat senger Mëschung aus Lana Del Rey a Kate Bush oder Tahiti 80. Si maachen Indie-Pop am Genre vun The National oder Phoenix.

D'Anne-Marie Krettels iwwert de Booking fir d'Nuits des Lampions!
RTL

Nuits des Lampions 2021 / © Mike Zenari

D’Virfreed op d’Nuits des Lampions ass beim Anne-Marie Krettels a senger Ekipp ëmmer besonnesch grouss. Säit Wochen sinn si umgaangen opzeriichten, déi richteg Wierkung entfalt sech awer natierlech réicht am Däitscheren.

«Wann donneschdes owes alles zesummekënnt, d’Musek leeft, alleguer d’Lampionen do hänken wou se sollen an d’Leit op hire Plaze stinn – dat ass e Moment deen eis allkéiers erëm den Otem hëllt.» (Anne-Marie Krettels, Programmation Culture COOPERATIONS)

Samschdes sinn d’Nuits des Lampions schonn ausverkaaft, fir donneschdes a freides kritt dir awer nach Ticketen am Virverkaf. Den Entrée fir Kanner ënner 13 Joer ass gratis an zousätzlech zum normalen Tarif komme Jonker ënner 26 méi bëlleg eran.