No engem Accident, soll ee roueg bleiwen, Éischt-Hëllef-Moossnamen aleeden, wann een se kennt an, wann een sech onsécher ass, de CGDIS ruffen.

E groussen Deel vun den Accidenter passéieren am Stot. Wéi de Gilles Schmit, Preventiouns-Instrukter beim CGDIS erkläert, géif dat dacks bei alldeeglechen Handlungen, oder duerch dat falscht Benotze vu Geschier passéieren.

Hei kënnt dir de Reportage lauschteren!

Ma wann et elo zu engem Accident am Stot kënnt an een sech selwer, oder eng aner Persoun sech blesséiert, ass et virun allem wichteg roueg ze bleiwen, d'Situatioun anzeschätzen a sech en Iwwerbléck doriwwer ze verschafen, wéi uerg d'Situatioun eigentlech ass. Wann een nämlech a Panik verfält, ass domadder kengem gehollef. Falls ee mat den Éischt-Hëllef-Moossname vertraut ass, sollt een dës dann och uwenden. D’Wëssen iwwer déi richteg Moossnamen, kann engem dann och hëllefe roueg ze bleiwen, an d’Situatioun besser anzeschätzen. Falls een enger anerer Persoun hëlleft, sollt een awer och ëmmer u säin eegene Schutz denken. Wann een sech zum Beispill, ëm eng aner Persoun, déi blutt, këmmert, sollt een dobäi onbedéngt Händschen unhunn. Am Fall, wou ee sech bei enger Situatioun onsécher ass, oder dës sech verschlëmmere sollt, sollt een awer net zécken, fir den 112 ze wielen.

De CGDIS kënnt awer net nëmme bei Accidenter op d’Plaz mee bitt och en Éischt-Hëllef-Cours, fir all Persoun ab 12 Joer un. Hei léiert een, ënner anerem, wéi eng Mesuren een no engem Accident aleede soll. Wärend de 16 Stonnen, déi de Cours dauert, gesäit een, wéi een eng Wonn richteg versuergt, wéi een en Verbrennung behandelt, wat ee maache soll, wann eng Persoun bewosstlos ass, wéi een eng erwuesse Persoun, oder e Kand reaniméiert an, wéi een engem accidentéierte Motocyclist hëlleft.

Et ass wichteg, no engem Accident, roueg a richteg ze reagéieren. Allerdéngs, kënne ganz vill Accidenter, zu deenen et am Alldag kënnt, sech verhënnere loossen. Doriwwer, wéi een dat maache kann, informéiert de CGDIS dann am Cours "Sicherheit und Unfallverhütung im Alltag".