«Wanns du dech all Dag ëm ee Prozent verbessert, wäert et dir och an Zukunft besser goen», esou dem Reese Witherspoon säi Motto!

Am Kloertext: Schlecht Gewunnechten, och wann se ganz kleng sinn, droe laangfristeg zu engem méi schlechte Liewe bäi. An dee Saz huet sech och d’Schauspillerin Reese Witherspoon zu Häerz geholl, a huet sech selwer puer kleng Routinnen virgeholl, déi hatt am Alldag well änneren: Ënnert anerem den Dag mat engem grousse Glas Waasser ufänken, 10 Minutten den Dag eraus goen an All Dag tëschent 30 a 60 Minutte liesen...

Déi Routinne sinn awer net universell, do muss als éischt mol all Mënsch sech iwwerleeën, wéi eng dann seng perséinlech schlecht Gewunnechte sinn. Fir déi ze fannen heescht et als éischt mol eng Lëscht maachen, wat een sech dann all Dag esou un deet, a wéi déi schlecht Routinnen engem dann och individuell am Wee stinn. Net méi drop waarden, datt d’Verännerung vum Himmel fält oder wéi mir eis fille kéinten, mee konkret iwwerleeë wéi een sech fille wëll, a wat een dann och dofir maache muss.

Puer Tiny Habits kéinten zum Beispill sinn: All Dag en Tour spadséiere goen, 10 Minutte meditéieren, sech all Dag mat engem ze ënnerhalen oder zum Schluss vum Dag 3 Positiv Saachen opschreiwen. Awer och, all Mënsch op dem Wee Moie soen, fir all néi Saach eng aalt entsuergen oder och fir alles wat méi wéi 100 Euro kascht, eng Nuecht driwwer schlofen.

Am Beschten et fänkt ee mat 5 Tiny Habits un, vun do aus kann d’Lëscht dann ëmmer nach verlängert gi wann ee mierkt dat nach Plaz fir méi Verbesserung ass. An ëmmer drun denken: All Dag ee Prozent besser si wéi den Dag virdrun, respektiv wann dat een Dag aus iergendengem Grond net geet: Net direkt dono menge mussen de verluerene Prozent opzehuelen. Besser ass hei nach eng kéier ze reflektéiere wisou an dann doraus e neien Ausgangspunkt ze schafen!

An deem Sënn: Op déi nächst Prozenter!

Lauschtert hei de ganze Reportage!