D’lescht Woch koum d’Nouvelle vun der CNS dass d’Verhandlunge mat de Psychotherapeute gescheitert sinn. D'Fapsylux huet am Eldo-Interview reagéiert.

Wéi schonn an hirem Communiqué gesot, war d’Lëtzebuerger Federatioun vun de Psychotherapeute ganz iwwerrascht dass d’CNS den Etat d’Echec deklaréiert huet. De Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess hätt am Fong eréischt sollen de 14. September zesummekommen. Mee d’Annonce gouf virdru gemaach.

Lauschtert de ganze Reportage!

D’Catherine Richard, Presidentin vun der Fapsylux war der Meenung dass d’Aarbechten an d’Verhandlunge gutt virukomm waren. Am Summer haten d’Psychotherapeuten un der Konventioun, also um legale Kader geschafft. Am Mee war d’Federatioun nach vum Minister fir sozial Sécherheet Claude Haagen an eng Commission de nomenclature invitéiert gi fir iwwer Tariffer an Akten ze diskutéieren.

Ee vun den Haaptprobleemer bei de Verhandlungen ass effektiv nach ëmmer den Tariff. D’Psychotherapeute froen en Tariff vu 175 Euro a si gesinn duerchschnëttlech 4 bis 5 Patienten den Dag. Mee d’CNS schwätzt vun engem Tariff vun 120 Euro an 8 Patienten den Dag. Dat wier awer net realistesch, esou d'Catherine Richard.

Déi zwou Parteie verrechnen dat also anescht. Mee dat ass awer nach laang net dat eenzegt bei deem ee sech net eens ass. Der Fapsylux no wëll d’CNS net de ganze Katalog vun de Pathologië fir de Remboursement unerkennen, d’Autonomie vun de Psychotherapeute géif och a Fro gestallt ginn.

Et misst also onbedéngt eppes änneren: virun allem wëll ee vum Minister gehéiert ginn. Konkret geet et elo nees an d’Mediatioun wärend 3 Méint a wann et do keen Accord gëtt, da muss de Minister nees e Reglement Grand-Ducal festleeën.