Déi verschidde stereotypesch Rollen an enger Klass, an domat sinn net Tafeldéngscht asw. gemengt...

Streber*in

Definitiv e Wuert, dat vill ze oft als eppes Negatives ugesi gëtt! De Streber*in ass déi eng Persoun, déi d’Hausaufgabe scho gemaach huet éier de Prof se gefillt ginn huet, sech ëmmer bei all Fro zu Wuert mellt an grondsätzlech vill Zäit an d’Schoul investéiert, an deementspriechend och meeschtens gutt Notten huet. Leider ass et oft och de Fall, datt dëst Persoun net esou gutt vun der Klass opgeholl gëtt, a wann da just fir sech un den Hausaufgaben z’inspiréieren. Just wëll een awer gäre gutt an der Schoul ass, heescht et net datt dat alles ass wat eng Persoun ze bidden huet...

Genie

Net mam Streber*in ze verwiesselen, well d’Genie ass net onbedéngt een oder eent, dat vill Zäit an d’Schoul investéiert, mee einfach eng extrem intelligente Persoun. Meeschtens gëtt all nei Physiksformel direkt verstanen, an all neien Theoreme an der Mathe direkt ugewannt, an dat ouni vill Opwand. Dëse Schülertyp huet eng grouss Liichtegkeet an der Schoul, a kéint ouni Problem iwwerall gutt Notten hunn, heiansdo gëtt sech awer ze vill op d’Intelligenz verlooss a net onbedéngt genuch geléiert, an awer klappt et ëmmer labber fir duerch ze kommen!

Chaot*in

Et ass scho bal e Wonner, datt een hei iwwerhaapt nach eppes erëm fënnt! Classeure sinn definitiv iwwerbewäert, an de gudden ale Block ass d’Plaz wou al onenerschriwwene Prüfungen, Hausaufgaben an Ziedelen un d’Elteren sech stapelen. Den Dag vun enger Prüfung froe wéini d’Prüfung ass, respektiv am Sport ëmmer d’Sportschong net dobäi hunn, zielen zum Alldag vun dëser Persoun. An och wann sech all Joers Besserung virgeholl gëtt, ass a bléift déi Aufgab fir e Chaot*in meeschtens onerreechbar!

Den Duo

Kéint ee bal mengen datt et sech heibäi em siamesesch Zwillingen handelt, Fakt ass: et gëtt se just am Doppelpack! Bei all Partneraarbecht steet hei d’Kombinatioun scho fest, an och bei der Sëtzplaazverdeelung besteet keen Zweiwel datt si nieftenee sëtzen. De gréissten Drama besteet hei falls mol eng kéier ee vun deenen zwee krank ass, well déi aner Hallschent da gefillt net méi weess wéi en Schoulalldag iwwerhaapt funktionéiert.

Den oder dat Rouegt

E Numm, deen zwar op der Klasselescht steet, oft awer vergiess gëtt aus dem einfache Grond well een net vill vun hier héiert. Et ass definitiv keng Persoun déi sech an der Klass mellt, an och sos éischter onopfälleg ass. A wann mol eng kéier de grousse Moment kënnt, an d’Hand an der Klass gehuewe gëtt, da meeschtens just fir ze froen ob een op d’Toilette dierf goen.

De Schwänzer*in

Eng Persoun, déi wéi den oder dat Rouegt och oft vergiess gëtt, dat awer aus engem ganz anere Grond: Se ass nämlech ni do! An d’Iwwerraschung ass deementspriechend grouss, wann se sech mol blécke léisst, dat ass nämlech méi aussergewéinlech wéi wann se alt erëm «krank» ass, respektiv no der Mëttespaus alt erëm nees net zréck an de Cours komm ass. Zoufällegerweis falen d’Krankheete vun dësem Schoultyp och oft op d’Prüfungsdeeg...

De Klasseclown

Et ass déi Persoun, déi ëmmer fir e Laache suergt, oder et op mannst probéiert. Vun domme Remarquen, iwwert Witzer oder och Stichtereien huet de Klasseclown alles am Angebot. Heiansdo gëtt zwar iwwert d’Zil eraus geschoss, mee dat gehéiert hei definitiv dozou, genau esou wéi déi eng oder aner Strof wéinst Stéierung am Cours...

Den Organisateur*trice

Egal ob Schoulausflug oder och just eng Gruppenaarbecht: Hien oder hatt ass ëmmer mattendran! Ëmmer ass den Iwwerbléck, respektiv d’Aarbechtsopdeelung garantéiert, an et gëtt sech och drop verlooss. D’Organisatiounstalent mécht et net nëmme gutt mee huet och ëmmer Spaass drun alles an d’Réi ze bréngen an dofir ze suergen, datt dann och ëmmer alles klappt! Oft gëllt hei awer och de Prinzip: Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser, dofir fält et schwéier net alles vun Ufank un einfach selwer ze maachen...

Fashionista an de Contraire

Ëmmer iwwert de neisten Trend informéiert, an och deementspriechend ëmmer top gestyled! Dëst Persoun kann een ausgesinstechnesch, guer net um falsche Been erwëschen, well se dat scheinbar guer net huet. Am Géigendeel dozou gëtt et dann och ëmmer déi eng Persoun, déi een ëmmer just an der Joggingsboks erwëscht, an déi scheinbar och näischt aneres am Kleederschaf besëtzt, ausser mol Schwammkleeder wann et muss sinn...

Lauschtert hei den éischten Deel!
Lauschtert hei den zweeten Deel!