2 Antikierper, déi rezent isoléiert goufen, kéinten eng wichteg Neierung am Kampf géint de Coronavirus duerstellen.

Fuerscher vun der Universitéit Tel Aviv ass et gelongen, 2 Antikierper ze isoléieren, déi alleguerten d’Variante vum Coronavirus, déi bis ewell bekannt sinn, mat enger Effizienz vun, an der Moyenne, 95 % neutraliséieren.

Eng Ekipp ëm d’Mikrobiologin Natalia Freund, huet déi 2 Antikierper, TAU-1109 an TAU-2310 aus dem Blutt vu geheelte Corona-Patienten isoléiert. Dës bannen sech un de Spike-Protein, mat deem de Coronavirus an déi gesond Zellen am Kierper andréngt. Dës 2 Antikierper weisen dann och eng héich Effektivitéit, géint d’Delta- an d’Omikron-Variant vum Virus, op. Bei de Versich am Labo hat den TAU-1109- Antikierper d’Omikron-Variant vum Virus zu 92 % an d’Delta-Variant zu 90 % zerstéiert. Den TAU-2310 hat bei der Omikron-Variant eng Effektivitéit vu 84 % a bei der Delta-Variant eng Effektivitéit vu 97 %.

Der Dokter Freund no, kéint déi héich Effektivitéit vun deenen 2 Antikierper doduerch begrënnt sinn, dass dës sech op enger anerer Plaz un de Spike-Protein bannen, wéi déi meescht aner Antikierper. Wärend d’Plaz un déi di meescht Antikierper sech bannen, sech nämlech bei all Mutatioun verännert hat, war d’Plaz un där d’Antikierper, déi elo rezent isoléiert goufen, quasi d’nämmlecht bliwwen. Dowéinst kéinten dës 2 Antikierper sech méi liicht un de Spike-Protein bannen.

Lauschtert hei de Reportage!

D’Fuerscher ginn iwwerdeems dovun aus, dass déi 2 Antikierper eng wichteg Neierung am Kampf géint de Coronavirus duerstelle kéinten. Persounen, déi opgrond vun enger Erkrankung vum Immun-System keng Impfung kréie kënnen, kéinten nämlech mat enger héijer Dosis vun dësen Antikierper géint de Virus immuniséier ginn. Ausserdeem kéint en Traitement mat dësen Antikierper dozou féieren, dass een sech an Zukunft net méi misst boostere loossen, wann eng nei Mutatioun vum Coronavirus opdauche géing.