
© Ninon Soulié
Déi lëtzebuergesch DJane huet seng nei Single "Reconnect" erausbruecht. Mir haten d'Musekerin am Eldo Interview.
Virun e puer Joer huet d’Amii Watson seng Léift zu der elektronescher Musek nach eng Kéier verdéift an huet ugefaangen als Djane opzeleeën.
2021 huet d’Amii dunn seng éischt eege Single "Higher" produzéiert an erausbruecht gehat.
No der zweeter Single "Pink Skies" huet d’Amii Watson da lo seng drëtt Single "Reconnect" op de Marché bruecht.
"Ob dat lo Nowéie vum Covid sinn oder einfach generell am Liewen. Et huet een ëmmer mol rëm Phasen am Liewe wou een sech bësse verluer fillt a vill a Fro stellt an och vill Saachen nei evoluéiert. Genee dat ass bëssen d'Story hannendrun."
Bei der neier Single "Reconnect" huet d’Amii Watson da mam kolumbianesche Produzent Dany Fright zesummegeschafft. Nodeems de Song da fäerdeg war, gouf en dann och beim kolumbianesche Lable "Candy Flip" erausbruecht.
"Hien ass am Fong op mech opmierksam gi wou ech mäin Track "Higher" erausbruecht hunn dat heescht mäin éischten Track. An hien huet deen zimmlech geféiert an och de Museksvideo huet hien zimmlech cool fonnt. Oft hues de an der House-Zeen dass ee manner visuell schafft an net ëmmer ginn et Museksvideoen. An dat huet villäicht och gehollef do rauszestiechen."
Virun e puer Wochen hat d’Amii Watson dann och déi grouss Éier kennen als Support-Act vun der Band Meute op der Bün an der Rockhal ze stoen. Virun ausverkaaftem Haus ze spille war och fir d’Amii eng méi speziell Opportunitéit.
"Dat war eng Sold-Out Show am renovéierten Deel an der Rockhal. Uewen hat een dann och dee neie Balcon. Do ware wann ech mech richteg erënneren sou eng 4000 Leit."
Am Moment ass d’Amii Watson a Kroaten als "Nomad Artist" ënnerwee. Dat heescht hat fiert duerch d’Land, leet hei an do mol op a léisst sech einfach mol dreiwen. Wéini hat ganz zeréck op Lëtzebuerg kennt ass nach net gewosst.
An Zukunft wäert lo net direkt nei Musek vum Amii Watson erauskommen, mee e puer Live Sets oder aner musikalesch Projete sinn awer och scho geplangt. Mir kennen also gespaant bleiwen, wat an Zukunft nach vum Amii Watson kennt.