Fir déi eng ass et puer Entspanung, fir déi aner den absolutten Horror: Fanger knacksen. Mee wat stécht dohannert? An ass et schiedlech?

Heiansdo sinn et ganz bewosst Beweegungen, heiansdo awer och ganz ënnerbewosst, den Effekt bléift awer den nämmlechten: Entspanung a Befriddegung.

D’Geräisch u sech ass ganz normal wann Seenen op Knachen oder Knorpel reift, kann awer och entstoe wann déi kleng Loftblosen an der Flëssegkeet tëschent de Knache platzen. Heibäi entsteet nämlech en Drockausgläich a Spannungen, respektiv Blockéierungen, an de Gelenker gi geléist, dohier dann och dat befréiend Gefill.

Méi genau entstinn d’Spannungen oft duerch ze wéineg Beweegung, zum Beispill no engem laangen Dag um Bürosstull oder moies nom Opstoen. Doduerch spiert et sech dann och gutt un sech ze strecken, an dobäi d’Knacksen ze héieren, a genau dat ass bei tëschent 24 a 54 Prozent vun der Weltbevëlkerung zur Gewunnecht ginn: Gezielt dat Gefill ze provozéieren.

Och wann d’Knackse mat Entspanung verbonne gëtt, dierf een net vergiessen dat dëst net vu laanger Dauer ass. Wann also en verspaante Gefill ëmmer op der nämmlechter Plaz optrëtt sollt een dëst besser mol vun engem Dokter ënnersiche loossen, dohannert kënne sech nämlech och a gewësse Fäll Verletzungen oder Krankheete verstoppen.

D’Gewunnecht an dat domat verbonnent Geräisch ass u sech net geféierlech, an awer sollt een sech virun Aen halen dat esou Gewunnechten oft mat Stress Situatioune verbonne sinn. Wann mir eis gestresst fille siche mir no engem kuerzfristegen Auswee, esou zum Beispill duerch kuerz Entspanung beim Knacksen.

Villäicht sollt een sech also manner Gedanke maachen ob et schlëmm ass vill ze Knacksen, a méi a wéi enge Situatiounen et optrëtt an ob deen eventuelle Stress sech verhënnere léisst.

Lauschtert hei de ganze Reportage!