Fir d'Rentrée steet d'Innovatioun am Mëttelpunkt vun de Bildungs-Offeren, esou den Educatiounsminister Claude Meisch op enger Pressekonferenz en Dënschdeg.

Ënner dem Motto "Gutt Bildung fir jiddereen" setzt den Educatiounsministère op sozial Gerechtegkeet mee och op eng modern a divers Bildung, esouwuel am formelle wéi am non-formelle Secteur. Wichteg sinn dann d'Wuelbefanne vun de Schüler, zousätzlech gratis Bildungs-Offeren, de Lifelong Learning mee och d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Nei Formatiounen

Am Enseignement classique, gëtt jo vun dëser Rentrée un d'Sektioun "N Entreprenariat" um Geesseknäppchen ugebueden. Fir d'Rentrée d'nächst Joer gëtt och eng weider Sektioun iwwer d'Geeschteswëssenschaften (Philosophie, Soziologie...) virbereet. An all de Lycéeë gëtt dann elo d'Fach "Digital Sciences" an den ënneschte Klassen ugebueden.

Nei DAP-Formatioune wéi den DAP Educatioun, DAP Elektro-Technologie an zwee Diplomer (Tourismus a Gäertnerei) ginn ugebueden.

Donieft geet eng nei international Schoul Gaston Thorn an der Stad op, donieft gëtt elo de Bac International am Lycée Matthias Adam zu Péiteng erweidert.

Pilotprojet: A 4 Schoulen op franséisch alphabetiséieren

Hei erwaart sech d'Regierung vill well d'Zil ass et dass jiddereen déi gläich Bildungs-Chancen huet. Am Cycle 1 ginn d'Schüler alphabetiséiert, d'Eltere konnten och entscheeden ob hir Kanner beim Pilotprojet matmaachen.

Zousätzlech gratis Offeren an de Maison-Relaisen

D'Flächendeckend Hausaufgabenhëllef gëtt elo jo an de Maison-Relaisen ugebueden. Jidderee soll déi selwecht Konditioune hunn fir seng Hausaufgaben ze maachen. Donieft wäert en E-Bichelchen d'Kommunikatioun tëscht den Enseignanten, Educatiounspersonal, Elteren a Schüler vereinfachen.

2 wichteg Gesetzesprojeten: Schoulflicht erhiewen & Integratioun

Zwee Gesetzesprojete goufen am Regierungsrot ugeholl. Fir d'éischt soll jo d'Schoulflicht vu 16 op 18 Joer erhéicht ginn fir den Décrochage scolaire z'evitéieren. Hei hofft de Minister dass d'Chamber sech geschwënn domat beschäftegt fir dass d'Gesetz nach virum Schluss vun der Legislaturperiod a Kraaft triede kann.

Donieft soll de Schüler, déi hir Scolaritéit am Ausland ugefaangen hunn an duerno op Lëtzebuerg komm sinn, besser gehollef ginn.

Méi Diploméierter a Quereinsteiger-Programm leeft aus

Eng Konventioun gouf tëscht dem Educatiounsministère an der Uni Lëtzebuerg ënnerschriwwen. Hei soll den Effort eropgeschrauft gi fir d'Bildung vun den Enseignanten. De Bachelor en Sciences de l'Education soll elo pro Joer 180 diploméiert Enseignanten ausbilden.

Donieft leeft de Quereinsteiger-Programm aus. Ersat gëtt Dësen duerch eng vollzäit akademesch Formatioun op der Uni Lëtzebuerg. Et handelt sech ëm e Bachelor en formation pédagogique fir Diploméierter aus anere Richtungen, déi dann Enseignant kënne ginn. An deem Kontext gi fir 2024/25 3 weider Mastere proposéiert.

Och de Beruff vum Educateur soll valoriséiert ginn. Ënner anerem beim neien DAP Educatioun, waren d'Aschreiwungen e grousse Succès: 500 Schüler wäerten elo d'Formatioun ufänken. Donieft wäerten de LTPES an d'Ecole nationale pour adultes (ENAD) weider Sitten um Belval opmaachen. Dëst awer eréischt fir d'Rentrée 2023/24.

Corona-Pandemie guer net méi am Mëttelpunkt

Den Educatiounsminister geet net dovun aus dass d'Schoulen nees zou wäerte maachen, wann d'Konditiounen esou bleiwe wéi se an deene leschte Méint waren. Mee et misst een ëmmer no der Belaaschtung vum Gesondheetssystem kucken. Tester a Maske leie prett falls se nees noutwenneg wieren.