Déi eng leen sech op d’Säit mam Been ugewénkelt, déi aner op de Réck oder op de Bauch, an dat seet vill iwwert eis Aart a Weis aus!

De Fallschirmsprong

Du läis gären um Bauch, mat den Äerm auserneen gestreckt, esou wéi wann een aus dem Fliger spréngt? Dann hues du e verspillte Charakter, erliefs gären Aventuren an hëls och gäre mol Risken akaaft. Eng ganz direkt Aart a Weis zeechent dech aus, gëtt deelweis awer och falsch opgeholl..

De Fötus

Um Réck zesumme gekuschelt, mat engem Këssen am Aarm, heescht dat een no baussen haart wierkt, no bannen awer sensibel ass. D’Perséinlechkeet ass bei dëse Persounen éischter zréckhalend, a verdeckt oft hir Onsécherheet.

De Flamingo

Dës Persoune leien um Bauch mat engem Been ugewénkelt, a si wierklech en komplett Iwwerraschungspacket. D’Perséinlechkeet ass onberechenbar, an awer besteet eng Virléift fir Stabilitéit a Rou. D’Flamingoen hunn och éischter eng Tendenz grëndlech an uerdentlech ze sinn.

Den ugedeite Fötus

D’Been ass liicht ugewénkelt, just net esou staark wéi beim komplette Fötus. Heibäi handelt et sech em zouverlässeg a positiv Perséinlechkeeten, déi sech och vu näischt aus der Rou brénge loossen an sech och einfach upassen.

De Party Aarm

Den Aarm läit ugewénkelt iwwert dem Kapp, an ass en Zeeche fir e staarke Charakter. Wann ee gären esou aschléift, ass een eng éierlech Persoun, déi frou mam Liewen ass an och vill dofir schafft. Et genéisst ee gutt Gesellschaft an huet och näischt dogéint am Mëttelpunkt ze stoen.

De Zaldot*in

D'Zaldot*inne leien ausgestreckt um Réck mat den Äerm beim Kapp, wéi beim salutéieren. Des Persounen hunn kloer Ziler am Liewen, déi si dann och konsequent verfollegen. Si sinn usprochsvoll a hunn och grouss Erwaardungen u sech selwer.

De Séistär

Wien beim Schlofen, eleng, gären do Leit wéi e Séistär a soumat vill Plaz am Bett anhëlt, ass eng grousszügeg Persoun, déi ëmmer en oppent Ouer huet. D’Séistären eegnen sech dann och gutt a Féierungspositiounen.

Lauschtert hei de ganze Reportage!