Gebuertsdeeg si jo amfong eppes Schéines, op alle Fall bis 18, bei 21 gëtt et scho kritesch an ab da gi mir tendenziell méi negativ...

Am Liewe ginn et wéineg Saachen, déi sech mat Sécherheet soe loossen, eppes ass a bléift awer e Fakt, ob mir wëllen oder net, mir gi méi al. An déi sougenannte Quarter-Life a Midlife Crisis ginn et sécherlech net, well et fir déi meeschte Leit eppes Positives ass, ganz am Géigendeel. Laut enger neier Etüd hu mir awer méi wéi genuch Grënn fir dat ganzt méi optimistesch ze gesinn.

Dës huet nämlech festgestallt, dat eng méi positiv Astellung sech och positiv op d’Liewenserwaardung auswierkt. De Leibniz-Institut für Resilienzforschung huet säit 1996 iwwert 2.400 Mënschen tëschent 40 a 85 Joer suivéiert. An dëser Zäit sinn 871 Leit verstuerwen an et konnt festgehale ginn, dat Persounen déi den Alter éischter als eppes Schéines gesinn, dann och éischter iwwerliewen.

Bei dëser Etüd spillt dann och de subjektiven Alter eng Roll, also d’Fro wéi al een sech fillt, genau wéi d’Selbstaschätzung vum Alter. Et gouf och no der Reflektioun gefrot, wat al ginn da fir déi ënnerschiddlech Leit bedeit, an ob d’Tendenz dann éischter positiv oder negativ orientéiert ass. Konkret koum dobäi eraus dat d’Stierflechkeet bei de negativ gestëmmte Persounen duebel esou héich ass, wéi bei den Optimisten.

Dat mir méi al gi kënne mir net änneren, mee dofir awer wéi mir domat ëmginn! Wisou net einfach éischter ob déi Positiv Saache fokusséieren, amplaz alles éischter negativ ze gesinn! Mat méi Jore kënnt och méi Erfarung, an dovunner kënnen net just mir selwer mee natierlech och déi Léit em eis profitéieren.

Lauschter hei de ganze Reportage!