De Waasserstoff, soll esouwuel an der Industrie, ewéi och am Transport agesat ginn.

Ugangs nächst Joer soll zu Beetebuerg déi éischt, ëffentlech zougänglech Waasserstoff-Tankstell zu Lëtzebuerg opgoen. Den Energieminister Claude Turmes an de Mobilitéitsminister François Bausch, hunn an deem Kontext, e Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz erkläert, firwat Waasserstoff, deen aus Wand-, Solar- oder Waasserkraaft hiergestallt gëtt, eng vun den Energiequelle vun der Zukunft wier.

D’Secteuren, an deenen een dat gréisst Potenzial, fir den Asaz vum grénge Waasserstoff géif gesinn, wieren d’Industrie an den Transport. Besonnesch beim Schwéiertransport, géif een dëse Potenzial gesinn An deem Kontext, wier déi nei Waasserstoff-Tankstell, dem Energieminister Claude Turmes no, ënner anerem wichteg, fir ze kucken, wéi de Camions-Marché op dës potentiell Neierung reagéiert.

Dem Mobilitéitsminister François Bausch no, géif een awer besonnesch an der Aviatioun a bei der Schëfffaart, grouss Potentialer gesinn. Hei kéinte syntheetesch Kraaftstoffer, ob der Basis vu Waasserstoff hiergestallt ginn. Dës kéinten dann an den normale Mottoe vun de Schëffer an de Fligeren agesat ginn.

D’Dekarboniséierung vum Transport wier, dann och e wichtege Punkt an der Lutte géint de Klimawandel. Ma d'Ukrain-Kris hätt gewisen, dass et och ekonomesch Grënn, géife ginn, fir am Transport vun de fossille Brennstoffer lasszekommen. Wat ee manner dëser Brennstoffer importéiere misst, wat ee bei der Mobilitéit an Europa méi autonom wier.

Lauschtert hei de Reportage!

Dass déi éischt Waasserstoff-Tankstell um Terrain vum CFL-Logistikhub zu Beetebuerg stoe wäert hätt, dem François Bausch no dee Grond, dass hei eng ganz Rei Schwéiertransporter zesumme kommen.

D’Käschte fir d’Konstruktioun vun der Waasserstoff-Tankstell, belafen sech op 2,7 Millioune">Milliounen €. Dovu ginn 900.000 € iwwer e Subside vun der EU-Kommissioun an 800.000 € aus dem Klima-Fong vum Lëtzebuerger Staat finanzéiert. De Rescht vun de Käschten, dréit d’Bedreiwerfirma vun der Tankstell.