Sue sammelen, Vollbaart ofraséieren, a Sue fir e gudden Zweck spenden. Dat, a villes méi ass d'Iddi vu Beards for Charity.

De Philip Grother an d'Maria Lucia Romero sinn déi zwee hannert der Iddi vu Beards for Charity. Ugefaangen huet alles mat engem Witz. Am Lockdown huet de Philip säi Baart wuesse gelooss an huet sech geduecht: am platz e just einfach ze raséiere kéint ech mat enger Aktioun probéiere Suen ze sammele fir de gudden Zweck. Eng Iwwerleeung déi op Youtube och scho ganz vill aner Bäerteger haten. Hei fënnt een och lauter Video op deene Männer sech raséieren an am selwechte Kader Sue gesammelt a gespent hunn.

De Philip an d'Maria hunn awer gemierkt dass obwuel vill Männer bereet sinn, sech fir de gudden Zweck ze raséieren et keng passend Plattform gëtt, déi engem dobäi hëllefe kéint fir seng Aktioun ëmzesetzen.

Dofir hunn déi zwee elo eng Crowdfunding-Campagne an d'Liewe geruff, fir mat hëllef vun de Leit esou eng Plattform op d'Been stellen ze kënnen.

Mee wat ass eigentlech Beards for Charity?

Beards for Charity soll verschidden Zilgruppen op der Plattform beienee bréngen.

Op der enger Säit huet een d'Männer mat de Bäert, déi sech bereet erklären sech de Baart fir e gudden Zweck ze raséieren an dofir Suen ze sammele fir eng Organisatioun vun hirem Choix. De Virdeel vun enger Plattform ass dann och datt ee vernetzt ass, an engem Tools zu Verfügung sti fir seng Aktioun mat Famill, Frënn an aneren Notzer op de verschiddene Kanäl a Sozialen Netzwierker ze verbreeden.

Déi zweet Zilgrupp sinn da Karitativ Organisatiounen.

Déi kënne sech op der Plattform umellen an sech an hier Ziler do virstellen. D'Plattform "Beards for Charity" assuréiert a kontrolléiert dann och datt all Organisatioun sech och wierklech fir de gudden Zweck asetzt an alles legitim ass.

En weider Zilgrupp sinn dann d'Supporter. Hei kann natierlech all Mënsch deelhuelen, a bestëmmten Organisatiounen oder Männer mat Bart bei hirem Projet ënnerstëtzen.

Selbstverständlech däerfen déi vum Fach net op der Plattform feelen: D'Barber. Déi kënnen en Deel vun der ganzer Plattform ginn. Et besteet och d'Méiglechkeet datt Clientë vu Barber fräiwëlleg e bësse méi fir hire Service bezuelen an déi Suen da fir eng Coupe u Leit an Nout ze gutt kommen. D'Selbstwäertgefill vu verschiddene Leit kann esou enorm gesteigert ginn, an der mentaler Gesondheet kann esou eng Verännerung och e Boost ginn.

Och Firme kënne Männer an hier Campagnen ënnerstëtzen an deem se zum Beispill de finale Montant verduebele kënnen.

Wéini wärt des Plattform entstoen?

Wéini Plattform wärt online goen ass nach net gewosst. D'Schrëtt déi d'Grënner goe musse si kloer. D'Ziler hu se sech gesaat. Allerdéngs hängt den Tempo vum Erfolleg vun der Crowdfunding-Aktioun of.

All d'Infoen zu der Crowdfunding-Campagne an zu der Iddi hannert Beards for Charity fannt der hei.

Lauschtert eran!
RTL

© Eldoradio