"Mat esou wéineg esou glécklech ze sinn a wéi dankbar déi Kanner sinn [...] dat ass eng Motivatioun fir weider ze maachen."

Wie kennt et net, d’Frënn kommen aus der Vakanz erëm a schwäerme vun hiren Erfarungen. Direkt kritt ee Loscht och dohin ze reesen an dat selwecht ze erliewen. Beim Vero waren et deemools awer net just déi schéi Biller vun Nepal, déi hänke bliwwe si mee d’Problematik déi am Land herrscht, virun allem e Weesenhaus mam Numm «Helpless Children Home». D’Erfarunge vun do huet hatt mat senge Frënn an der Schoul gedeelt an doropshin ass d’Iddi entstane sech selwer anzesetzen. Esou ass Sharing a Smile entstanen, eng a.s.b.l. vu 6 Jonken, déi eppes ännere wëllen.

Am Eldo Interview hunn eis d’Lucia an d’Johanna eis verroden, dass d’Iddi zwar an der Schoulzäit entstanen an déi éischt Spendenaktioune goufen et och an der Schoul, ma dat Ganzt war kee Schoulprojet, et ass op eegen Initiativ entstanen. Fir déi éischt Suen ze sammele goufe Kniddelen an der Mëttespaus verkaf oder Online Fundraiser gestart. Mëttlerweil sinn déi Jonk dann och op Events ënnerwee, op deene se e Stand hunn, respektiv hunn och hiert ganz eegent Charity Event op d’Been gestallt.

Lauschtert hei an d'Sendung mam Interview eran

Mat de Suen, déi op dëse Plaze gesammelt ginn gëtt d’Weesenheem an der Géigend vu Kathmandu ënnerstëtzt. Hei liewe ronn 30 Kanner, vun deenen der vill hir Elteren am Biergerkrich am Weste vun Nepal verluer hunn. Ufanks ass et hei drëms gaangen d’Basis u Liewensqualitéit ze erfëllen: En Daach iwwert dem Kapp, Educatioun an eng gesond an ausräichend Ernierung. Elo, 2 Joer nodeems Sharing a Smile gegrënnt gouf, kann ee souguer e Schratt méi wäit goen a Saachen erméiglechen, déi net méi just «basic human rights» sinn.

D’Haaptzil ass et deemno net dohin ze goen an alles fir eng kuerz Zäit «besser ze maachen», et geet drëms eng Basis opzebauen an de Kanner, wéi och de Leit ronderëm, et ze erméigleche selbstänneg eng Perspektiv ze schafen. Duerch e Koordinator vun dohannen, dee se agestallt hunn, wär d’Kommunikatioun elo och méi einfach tëscht den Elteren a Kanner an dëse kann direkt viru gi wat konkret gebraucht gëtt fir d’Kanner beschtméiglech ze encadréieren. Donieft ass och geplangt en Danzproff, e Molproff an Nohëllefsproffen anzestellen. Doduerch gi lokal Leit involvéiert an et ginn nei Perspektiven erméiglecht. Sharing a Smile ass an deem Kader just den Ustouss, de Recht geschitt sur place. Ma den Ustouss ass wichteg an dofir brauch et Spenden an Ënnerstëtzung.

Wien interesséiert ass säin Deel dozou bäizedroe kann de 17.09.2022 beim Charity Run «Sharing a Mile» dobäi sinn. Vun 10h00 bis 17h00 kann een hei um Kierchbierg mat lafen, trëppelen oder och just iessen, drénken a sech d’Geschichte vun de 6 Jonken an hiren Nepal Erfarungen ulauschteren. A wie weess villäicht kommt der jo och selwer op de Goût Deel vu «Sharing a Smile» ze ginn.