De Wirtschaftsminister Franz Fayot war e Freideg, am Virfeld vun der Tripartite, eisen Invité am Eldo-Studio.

Déi neisten Zuele vum STATEC géife weisen, dass déi héich Inflatioun nach iwwert dëst Joer eraus, weider unhale wäert. Dowéinst wier et dem Wirtschaftsminister no, wichteg, Mesuren ze fannen, fir d'Leit an d'Betriber ze ënnerstëtzen. Zemools bei den Energie-Präisser misst ee Moossname fannen, déi ee séier applizéiere kéint an, déi och séier gräife géifen. Déi héich Energiepräisser, wieren nämlech eng Haaptursaach fir d'Inflatioun. Woubäi de Präis vun der Energie och dowéinst an d'Luucht goe géif, well Russland seng Gas- a Pëtrolsreserven als Krichswaff asetze géif.

Bei der Indextranche, déi aller Viraussiicht no am November fälleg soll ginn, wier et d'Präferenz vun der Regierung, dass dës direkt ausbezuelt gëtt.

Hei kënnt dir dee kompletten Interview mam Franz Fayot nach eng Kéier lauschteren!