Jiddereen ass warscheinlech der Meenung dass hie weess wéi ee richteg heize soll. Mee dat ass heiansdo net esou offensichtlech.

Virun allem, elo, an enger Zäit an där d’Energie-Präisser vill méi héich sinn, ass et vu Virdeel wann ee méi genee weess wéi een am beschten heize soll a vläicht och wat d’Zuelen um Thermostat dann och bedeiten.

Lauschtert eran!

Fir d’éischt kläre mir mol op wat déi eenzel Zeechen um Thermostat bedeiten. Beim Stärchen handelt et sech ëm d’Astellung, déi d’Heizunge virum Afréiere schützt. Dës heizt am Fong op ronn 5 Grad. Da komme mir bei d’Ziffer 1. Dës entsprécht enger Raumtemperatur vu ronn 12 Grad. Wann een dann den Thermostat op 2 dréint, da gëtt de Raum op 16 Grad geheizt. Bei 3 gëtt d’Zëmmer op 20 Grad erwiermt. D’Stuf 4 a 5 bedeiten da jeeweils 24 an 28 Grad.

Um Thermostat gesäit ee jo och Strécher. Dës sti fir jeeweils ee Grad Celsius. Mee well een net wësse kann, wéi eng Temperatur tatsächlech am Raum ass, steet um Thermostat selwer keng Temperatur drop. Dat ganzt ass nämlech ofhängeg dovunner ob zum Beispill eng Couche virun der Heizung steet oder net. Hei staut sech d’Hëtzt dann an da mengt de Thermostat dass Hëtzt am ganze Raum erreecht wier. Vill Experte recommandéieren eng Temperatur vun 20 Grad am Wunnberäich an tëscht 16 an 18 fir d’Schlofzëmmeren.

Et wier och net wouer dass wann een d’Heizung ganz  opdréine géif, et méi séier waarm géif ginn. Et géif nämlech esou laang waarmt Waasser fléisse bis d’Temperatur erreecht wier. Wann een d’Heizung op 5 setzt, heizt een net méi séier mee méi laang: dowéinst bezilt een och méi.

Am beschte soll een dann den Thermostat éischter bei 2 oder 3 loossen. Reegelméisseg muss ee kucken ob d’Heizung net entlëft muss ginn. Donieft soll een am beschten d’Heizung net komplett erofdréinen, wann een d’Haus verléisst. Et verbraucht een nämlech laangfristeg manner Energie wann een en Raum op enger konstanter an niddreger Temperatur heizt. 15 Grad sinn hei ideal.