
© pexels.com
Vun der Gucci-Gang iwwert d'Nike Schong, notze Kënschtler*inne gäre Markennimm an hiren Texter. Mee wéi eng loossen sech da besonnesch gutt sangen?
Déi franséisch Mark "Chanel" huet et knapp virun "Adidas", "Dolce Gabbana" an "Versace" mat 10.042 Erwänungen an d’Top 5 gepackt. Dat knapp hannert der italienescher Mark « Fendi » mat ronn 11.340 Erwänungen. Italienesch geet et och an der Top 3 virun, dat mat «Prada».
An all de gelauschterten Track, fënnt sech "Prada" dann am ganzen 18.400 mol an den Texter. Op Plaz Nummer 2, geet et da vergläichsweis bësse méi bëlleg a sportlech weider, nämlech mat der Mark «Nike» Ënnert anerem huet de verstuerwene Mac Miller seng Begeeschterung am Lidd mam nämmlechten Numm ausgedréckt. Dat hunn dann nieft him och anerer gemaach an d’Mark op knapp 27.000 Erwänunge bruecht.
Net nëmmen de Lil Pump flippt op déi italienesch Mark «Gucci» mee virun allem dann och aner Hip-Hopper, villäicht jo och well sech de Numm mat den zwou Silben esou gutt an Texter abaue léisst. Mat iwwert 41.750 Erwänunge kann "Gucci" sech dann iwwerzeegend géint déi aner Marken duerchsetzen.
Wann een sech da mol vun de Modelabels ofgesinn ukuckt vu wéi enge Kleedungsstécker dann am meeschte gesonge gëtt, fënnt een op drëtter Plaz de Kostüm. Dat mat just 148 Erwänunge manner, hannert der 2.Plaz mat 25.950: dem BH. Och d’Goldmedaile geet dann an dëser Kategorie un en éischter weiblecht Kleedungsstéck, nämlech dem Rack. An iwwert 37.090 Texter fënnt sech de Rack als Evergreen Kleedungsstéck erëm, an ass esou mat verdéngt op Plaz Nr.1.
Déi ënnerschiddlech Top 10 Lëschte gesinn also am Iwwerbléck esou aus:
Modelabels
1. Gucci
2. Nike
3. Prada
4. Fendi
5. Chanel
6. Versace
7. Dolce & Gabbana
8. Adidas
9. Balenciaga
10. Givenchy
Kleedungsstécker
1. Rack
2. BH
3. Kostüm
4. Talleken
5. Blo Schong
6. West
7. Jupe
8. Blo Jeans
9. Kleed
10. Schwaarz Jeans
Bijouen
1. Diamanteréng
2. Pärelen
3. Goldketten
4. Ketten
5. Goldréng
6. Hochzäitsréng
7. Jade
8. Verlobungsréng
9. Hoerréng
10. Rubinen