D’Band kënnt de 25. September op Lëtzebuerg, mir hate se am Virfeld am Interview!

Biffy Clyro, dat sinn 3 Schotten, e ganz staarken Accent an eng nach méi staark Passioun fir Musek. A genee dowéinst maache se dat wat se maachen och schonn zanter 27 Joer. Wann et no hinne géif goen, géife se och nach ganz laang esou viru maachen, also "wann d’Welt sech bis dohin net selwer zerstéiert huet".

An deem Kommentar verstoppe sech zwee Messagen. 1. Ass d’Musek hiren Dram, dee se ni wëllen opginn an 2. Beschäftege sech sech grad vill mat aktuelle Problemer a verschaffen dat och an hirer Musek. Esou ze héieren an hirem aktuellen Album "A Celebration of Endings". Mat dësem kënnt d’Band de 25. September 2022 op Lëtzebuerg an dat fir d’6. Kéier. Op d’Fro firwat se esou gären hei hi komme gëtt et eng ganz simpel Erklärung an eng méi perséinlech. Engersäits natierlech well se ëmmer nees ugefrot ginn an do natierlech net nee soe wann d’fanbase schonn do ass, anerersäits awer och well et cool wär an esou engem klenge Land ze spillen well een dann d’Gefill huet et géif een esou vill Prozent vu ganz Lëtzebuerg grad virun der Bün hunn.

Ma et ass net just déi heite Venue op déi sech d’Schotte freeën, insgesamt wäre se immens frou nees op der Bün ze stoen an dat kënnen ze maache wat se am léifste maachen: live performen. D’Band-Membere si Museker duerch an duerch an esou gäre se hir Käpp am Studio zesumme stiechen, nach léiwer hu se et de Produit duerno virun de Leit ze spillen an eng direkt Reaktioun ze kréien. Dat virun allem elo no all där Zäit an där dëst net méiglech war.

Eng Zäit an där sech net just d’Behuele vum Concertspublic geännert hätt mee och de Prozess vum Album en anere war. Och wann et d’Band an hirer Konstellatioun mat 3 Schotten zanter 1995 gëtt, den aktuellen Album wär deen éischten, dee komplett an hirem Heemechtsland entstanen ass. Si géife sech glécklech schätzen, dass si iwwerhaapt schaffen duerften an den Ëmstänn entspriechend wär dësen Album dann och vum Sound an der Thematik en aneren. Géif ee gutt oppasse kéint een dem Ben Johnston no, esouguer a verschiddenen Songs, d’Background-Geräischer vum Land héieren. Do wou se opgeholl hu war nämlech mol kee richtege Studio mee just e Raum fir ze üben an dat matten um Land, trotzdeem wäre se méi wéi zefridde mam Resultat.

Wat ass d'Inspiratioun?

Wie sech freet wéi een no sou vill Joer Bandgeschicht inspiréiert a motivéiert bleift, kritt eng Äntwert, déi beweist, dass d'Memberen trotz weltwäitem Erfolleg net ofgehuewe sinn.

"Et ass de beschten Job vun der Welt. Et war eisen Hobby aus der Schoul an elo verdénge mer Suen domat. Mir hunn ni geduecht, dass mer erfollegräich domat ginn, mir hunn e bëssen Angscht eis dat anzegestoen well fir eis Musek ass et besser mir gesinn eis weiderhin als kleng Band."

Lauschtert hei den Interview

An deem Sënn hu souguer déi 3, déi weltwäit getourt sinn a Milliounen Tounträger verkaf hunn nach Fan-Momenter. Fir den Drummer vu Biffy Clyro war et eng Begéinung mam Dave Grohl, Frontmann vun de Foo Fighters, déi him éiweg an Erënnerung bleiwe wäert.

Fir dës Geschicht an de ganzen Interview, kuckt iech hei den Interview un:

Wann der et dës Kéier net bei Biffy Clyro op de Concert packt verpasst der zwar warscheinlech eppes, ma d'Band huet nach vill Gigs viru sech an den nächste Méint. Ënnert anerem eng Tour mat den Architects, eng englescher Band, déi dem Ben Johnston no, d'Venues eleng ausverkafe kéint. Ma se hu sech zesumme gedoe fir mol eppes Neies auszeprobéieren a ganz einfach well se Bock drop haten. Wat den Drummer allerdéngs net géif erlabe wär, dass hire Frontmann vun der Metal-Band op d'Bün géif geruff gi fir mat ze jäizen, och wann d'Architects dëst sécher géife begréissen. Ausserdeem huet de Ben am Interview verroden, dass si vu sech aus nach 20 Joer viru wéilte maachen, also virausgesat d'Welt huet sech bis dohin net selwer zerstéiert.