Den Alle Farben war fir de Reopening am Hitch op Besuch hei zu Lëtzebuerg. An deem Kader hate mir den däitsche Kënschtler am Eldo-Interview!

Festival-Summer 2022

Dem Alle Farben säi Fazit vum Festival-Summer fält duerch an duerch positiv aus. Seng Erwaardunge wieren iwwertraff ginn an d'Energie wier op engem ganz anere Level gewiescht, ewéi déi Jore virdrun. Den DJ huet sech awer virun allem gefreet, dass esouvill Organisateuren och no der Pandemie dobäibliwwe sinn! Zu den Highlights vum Summer zielt beim Alle Farben ëmmer erëm de Parookaville zu Weeze, op deem hien zanter ville Joren opleet. Donieft wäert him en Optrëtt an Tschechien a ganz gudder Erënnerung bleiwen!

"Ich war sehr überrascht von einer Show in Tschechien. Ich war erst zum zweiten Mal da und es war einfach der Wahnsinn. Die Bühne war voll - ich durfte auf der Mainstage spielen - und alle konnten meine Lieder mitsingen. Das ist ein Aha-Moment über den man sich sehr freut. Ich bin in ein Land gekommen, in dem ich lange nicht war und habe mich gefragt ob die Leute mich überhaupt noch kennen. Wenn man dann auf die Bühne kommt und die Leute freuen sich, ist das ein sehr tolles Gefühl." (Alle Farben)

Remakes 

Och a puntko Song-Releases leeft et beim Alle Farben richteg gutt. A wann ee mol duerch dem Däitsche seng lescht Produktioune scrollt, fënnt ee ganz vill Remixes vun ale Klassiker ("Summer Jam", "KIDS", "Lemon Tree", "Somewhere Over The Rainbow", etc.). Dat sinn alles Songs déi hien och schonn am Original gär gelauschtert huet. E besonnesche Rapport huet de Museker och zu "Music Sounds Better With You", e Lidd vum franséischen House-Trio Stardust aus dem Joer 1998. Och dëst huet den Alle Farben zesumme mam Keanu Silva nei erausbruecht.

Alle Farben iwwer "Music Sounds Better With You" & Remakes!

"Man kriegt manchmal sehr viel Gegenwind wenn man Remakes macht. Aber ich finde es ganz normal in der DJ-Kultur Tracks neu aufzulegen und ihnen ein neues Gewand zu geben!"

Nei Single 

Elo ass dem Alle Farben seng nei Single "Forgot How To Love" dobaussen. Dofir huet hie mam Sänger Moss Kena ("Fireworks" feat. Purple Disco Machine & The Knocks, "Primadonna") zesummegeschafft, deen hie virdrun am Fong net wierklech um Radar hat. Iwwert e befrënte Produzent krut den DJ a Produzent dunn awer eng Demo geschéckt a war direkt begeeschtert.

"Ich habe mir die Demo angehört und dachte: 'Geil, will ich machen!' Dann habe ich sozusagen direkt meine Hand draufgelegt und war sehr glücklich, dass er den Song mit mir machen wollte. Wir haben dann kurzfristig eine andere Single verschoben und alles dafür in Bewegung gesetzt, dass wir "Forgot How To Love" so schnell wie möglich rausbringen können, weil ich den Song einfach so toll fand!" (Alle Farben)

Kachen

Fir alleguer déi, déi et bis elo nach net wossten: Den Alle Farben ass e richteg gudde Kach! Aus Zäitgrënn gëtt et aktuell awer nach keng Plaz wou ee seng Kreatioune schmaache kéint. En eegene Restaurant an e Kachbuch stinn awer definitiv op senger Bucketlist! Hie wéilt et just net hallefhäerzeg niewebäi, mee mat Zäit an Elan maachen, dofir géif dat nach Zäit brauchen.

"Auf Tour hat man ein Leben zwischen Sterneessen und Fast Food!"

E Liewen op Tour ass vun der Ernärung hir absolutt net einfach. De Rhythmus ass komplett op der Kopp an no den Optrëtter déi bis spéit an d'Nuecht ginn, ass een oft nach hongreg. Den Alle Farben probéiert esougutt et geet Saachen z'iessen déi hie glécklech maachen, heiansdo ass et awer och einfach net anescht méiglech...

Den Alle Farben iwwert d'Ernärung op Tour!

Vum Master-Kach Alle Farben wollte mir dann och nach säin absolutte Liblings-10-Minutte-Plat wëssen:

"Wenn man noch ein bisschen Reste hat würde ich eigentlich sagen Fried Rice mit Ei und Gemüse, aber bei 10 Minuten darf das Schnippeln ja nicht dabei sein. Deswegen auf jedenfall eine Pasta, ich mag sehr gerne Carbonara. Käse reiben, mit Ei vermengen, bisschen Guanciale oder Speck kleinschneiden, Salz, Pfeffer und Nudeln - viel mehr brauch man nicht!"

Nächst Projeten

Beim Alle Farben stinn an deenen nächste Wochen a Méint grouss Baustellen un. Hien huet wonnerbar nei Leit getraff, mat deenen hien elo zesummeschafft, huet vill Club-Singles an der Pipeline a wëll säi Sound fir d'Festival-Saison 2023 e bësse veränneren.

Bis dohinner mécht hien eis dann d'Zong mat senge kulinaresche Kreatioune laang: