
© AFP
An esou engem konservative Land wéi den Iran, ass dat net Usus dass d’Fraen op d’Strooss ginn. Mee dat ass elo de Fall.
Firwat d’Fraen am Iran soss net wierklech op d’Strooss ginn, huet domat ze dinn dass si hiert Liewen domat riskéieren.
Mee wisou ginn déi Demoen dann organiséiert?
D’lescht Woch ass dat 22-järeg Mahsa Amini gestuerwe wéi hatt an der Haaptstad Teheran am Arrest war. Der jonker Fra gouf nämlech virgeheit eng Kleedung unzehunn, déi net islamesch war. Dowéinst gouf hatt vun der sougenannter Reliounspolice festgeholl. Am Iran ginn et ganz strikt Reegelen, wat de Fraen hir Kleedung ugeet. An hatt wier esou vun der Police mësshandelt ginn, dass hatt et net iwwerlieft hat. Mee d’Police seet natierlech dass dat net esou passéiert wier. Offiziell gëtt nämlech gesot dass d’Mahsa en Häerzinfarkt hat.
Dat ganzt huet dann ausgeléist dass nees hefteg iwwer d’Kappduch-Flicht am Iran debattéiert gëtt. An dowéinst ginn d’Fraen op d’Strooss. A verschiddene Videoe gesäit ee Fraen, déi hire Kappduch verbrannt hunn. Anerer hu sech hir Hoer ofgeschnidden.
Verschidde Medie schwätzen elo vun am ganzen 8 Doudege bei dëse Protester. Vill Männer maachen iwwregens och bei de Protester mat. Dës Maniffe ginn och iwwerall op der Welt ënnerstëtzt. E Beispill ass hei den US-President Joe Biden. Vill gesinn dann an deenen Demoen eng Hoffnung dass sech eppes am Iran ännere kéint. Demonstrante fuerderen nämlech de Schluss vun der Islamescher Republik.