De fräie Choix iwwer, an den Zougang zur Verhütung, sinn zentral Facteure vun der ëffentlecher Gesondheet an der Gläichstellung tëscht de Geschlechter.

De 26. September ass de Weltdag vun der Verhütung. Wéi d’Christa Brömmel vum Nationalen Zenter fir d’Promotioun vun der sexueller Gesondheet – kuerz Cesas - erkläert, géif et beim Weltdag vun der Verhütung, ganz besonnesch dorëms goen, d’Opmierksamkeet op d’Wichtegkeet vun der Verhütung, fir eng gutt sexuell Gesondheet – notamment déi vun der Fra - ze lenken. Aus der Perspektive vun der ëffentlecher Gesondheet, wier déi beschte sexuell Verhütung, déi, déi een, nodeems een sech informéiert huet, fir sech selwer eraussicht. Aus deem Grond, wier et fir de Cesas wichteg, dass d'Mënschen en einfachen Zougang zu richtegen, a verständlechen Informatiounen hunn. Dobäi misst d'Fräiheet vum Choix iwwer d'Method zu all Ament garantéiert ginn.

De fräie Choix iwwer, an den Zougang zur Verhütung, waren dann och wichteg Facteuren, bei der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer. Esou hätt d'Verhütung de Frae méi Méiglechkeete ginn, fir iwwer hiren eegene Kierper ze decidéieren. Dat hätt zu enger besserer Liewensqualitéit an zu enger besserer sexueller Gesondheet vun de Frae gefuerdert.

Lauschtert hei de Reportage!

Lëtzebuerg géif, wat den Zougang zu Verhütungsmëttel ugeet, am europäesche Verglach scho relativ gutt do stoen. Beim CESAS begréisst een et iwwerdeems ausdrécklech, dass d’Käschte fir Verhütungsmëttel an Zukunft solle vun der Krankekeess rembourséiert ginn.

Um Weltdag vun der Verhütung, de 26. September, organiséiert de Cesas dann en Online-Colloque iwwer d’Thema Verhütung. Dëse riicht, sech besonnesch u Persounen aus dem Gesondheetssecteur, awer och all aner interesséiert Persoun kann sech, nach bis de 25. September gratis fir de Colloque umellen. 7 verschidden Experten, wäerten hei op verschidden Aspekter vun der Verhütung agoen. Den Ofschloss vum Colloque ass dann eng Table Ronde iwwert d’Thema vun der Verhütung bei de Männer.

Wie méi iwwer déi verschidde Methode vun der Verhütung wëll gewuer ginn, kann sech dann op mengverhütung.lu a 4 verschiddene Sproochen iwwer alleguer déi verschidde Methoden informéieren.