
© pexels.com
D’Woch huet 7 Deeg, déi an der Theorie all 24 Stonnen hunn, an awer huet de Weekend der gefillt 2 an all déi aner zéien sech iwwert déi ganz Woch...
Maach Pläng
Net nëmme vergeet d’Woch méi séier wann een sech op eppes freet, mee et huet een dono och d’Gefill de Weekend optimal genotzt ze hunn. Am Beschten et mécht een dann och mat de Kolleegen oder der Famill konkret Pläng, well an deem Moment ass et och direkt méi warscheinlech, dat een se dann och wierklech realiséiert.
Limitéier d’Zäit mat engem Bildschierm
Mir wëssen et all: Just kuerz eppes op Instagram checken, an eng Stonn drop kuckt een e no wéi eng Giraff mat senger Zong säin Ouer beréiert. D’Zäit verflitt dee Moment, ouni dat mir dono wierklech wësse wat mir iwwerhaapt gemaach hunn. Eng Etüd vun der University of Washington huet och bewisen, dat Leit déi vill Zäit op soziale Medie verbréngen en verzerrt Zäitgefill hunn an net wësse wou d’Zäit bleift, wat nëmme fir en gefillt nach méi kuerze Weekend suergt.
Notz de Weekend fir nei Saachen
Fir e richtege Kontrast zu der Schaffwoch hëlleft et de Weekend aner Beräicher vum Gehier ze stimuléieren. Et ass also den ideale Moment fir néi Aktivitéiten auszeprobéieren, an esou och nom Weekend d’Gefill ze hunn wierklech eppes Konstruktives gemaach ze hunn.
Fräizäit, heescht fräi halen
Samschdes a Sonndes sinn net do fir nach opzeschaffe wat een ënnert der Woch net gepackt huet. Domat maache mir eis nämlech kee Gefalen a ginn doduerch just nach méi midd an onmotivéiert fir Méindes erëm an déi nei Woch ze starten.
Fann d’Balance tëschent Rou an Aktivitéit
Natierlech ass de Weekend do fir erof ze kommen an och ze entspanen, mee déi 2 Deeg nëmmen am Bett oder op der Couche ze verbréngen ass och net de Wee. Hei ass déi individuell Kombinatioun vun Erhuelung an Aktivitéiten de Schlëssel fir en erfollegräiche Weekend.
Lief am Moment
De Saz deen ëmmer erëm kënnt, an natierlech méi einfach gesot wéi gemaach ass: Wien all Dag am Moment lieft, huet och méi vun all Moment. Meditatioun kann dann och dobäi hëllefen d’Zäit méi bewosst wouerzehuelen, souwuel an der Woch wéi och de Weekend.
An deem Sënn: Op de Moment an op de Weekend!