
© pexels.com
Hutt dir iech schonn eng Kéier gefrot, respektiv informéiert wat déi ënnerscheedlech E-Nummere bei den Inhaltsstoffer bedeiten? Villäicht och besser...
Kot vu Bliederléis
Jo dir hutt richteg héieren! Dat ass nämlech eppes wat oft am Hunneg erëmfonnt gëtt. Lo kann een sech natierlech direkt mol d’Fro stellen: Wéi dat iwwerhaapt do era kënnt? D’Erklärung ass ganz einfach, nämlech hunn d’Beien dat séisst Sekret vun de Bliederléis gär an huelen dat mat op an d’Hunnegproduktioun.
E120
Déi meescht vun eis hunn et scho bewosst oder onbewosst ageholl: Karmin. Et ass e Faarfstoff deen aus Schëldléis gewonne gëtt, besser gesot doduerch dat dëst zerquëtscht an ausgekacht ginn. Dorausser entsteet e rout Pigment, dat een virun allem a ville Ketchupzorten oder och anere rout gefierfte Produiten erëmfënnt. Eng Alternativ, fir déi keng Léis hu missen d’Liewe loossen ass dann déi syntheetesch Variant vum Stoff, déi mat E 124 gekennzeechent gëtt.
Krustendéieren
Virun allem an der Hoer an Hautfleeg fënnt sech oft Chitin erëm, dat gëtt aus de Panzere vu Mieresdéieren oder Insekte produzéiert. D’Haaptquell ass Chitin aus Kriibsooffall, deen da genotzt gëtt fir Chitosan hierzestellen. Dësen ass och en Inhaltsstoff vu ville Medikamenter fir de Chloesterinspigel ze senken.
E904
Déi meescht kennen aktuell Schellack am Zesummenhang mat der Manikür, wosst dir awer dat och heifir Schëldléis zoustänneg sinn? Et ass nämlech eng Zort vun Haarz, an déi entsteet ursprénglech aus dem Sekret vun de Léis, dat vun de Beem weiderverschafft gëtt. Dat blénkegt Mëttel fënnt sech och oft a Schokelasproduiten oder och Zigaretten erëm.
Wollwues oder Lanolin
Kënnt virun allem an der Kosmetik vr, an gëtt aus de Schweessdrüse vu Schof gewonnen. Virun allem a Gesiichtscreme gëtt et gäre genotzt, awer och a verschiddene Knätschzorten. Wann e Schof geschuer gëtt, gëtt d’Woll gewäsch, an dorausser gëtt da Lanolin entholl. Wat elo net onbedéngt appetitlech klengt, schued den Déieren awer zu kengem Moment. Bei E 913 ass et also definitiv éischter den Gedanken deen zielt...