All Mënsch huet iwwer 650 Muskelen am Kierper, déi eng méi, déi aner manner bekannt... Et ginn awer vill Grënn wisou een de Soleus net ignoréiere sollt!

Wëssenschaftler vun der University of Houston hunn sech dann elo mat genau esou engem klenge Muskel, nämlech dem Soleus-Muskel méi intensiv beschäftegt.
E suergt dofir dat mir sécher op de Been stinn, an awer gëtt en nëmmen alt ze oft vergiess: de Soleus-Muskel. E verleeft ënnert dem Knéi a funktionéiert am Verglach zu anere Musekelen, bëssen anescht: Normalerweis bauen aktiv Muskele Glykogen of, de Soleus notzt dofir awer Bluttzocker a Fetter. Doduerch dat manner Glykogen ofgebaut gëtt, gëtt de Muskel och manner schnell midd an huet soumat eng méi laang Ausdauer.

Et lount sech also de Soleus-Muskel richteg ze aktivéieren, well doduerch kënne mir eise Stoffwiesel ukuerbelen an eis Fettverbrennung verbesseren. Mee wei mécht een dat? Normalerweis gëtt de Muskel beim Stoen a Goe genotzt, déi optimal Übung geet awer am Sëtzen.

Beim Soleus Push-up ginn déi 2 Féiss op de Buedem gestallt, da gëtt d’Feescht ugehuewen, esoulaang d’Zéiwen nach de Buedem beréieren. An dat Ganzt gëtt dann ëmmer erëm widderholl.

Wärend dem Versuch huet de Bluttzocker sech heibäi em 52 Prozent verbessert an de Bedarf no Insulin ass em 60 Prozent zréckgaangen. Den Effekt huet beim Versuch dann och iwwer 3 Stonnen ugehalen, zudeem huet dann och de Fettstoffwiessel duebel esou effikass geschafft!

Lauschtert hei de ganze Reportage!