Wann déi eegen Elteren einfach ze vill sinn, respektiv scheinbar vergiess hunn, dat ee kee klengt Kand méi ass...

«Ech hu mir geduecht ech komme mol laanscht, du mells dech jo ni» oder «Ech hunn alles opgi fir dass du deng schéi Kandheet has, an du packs et mol net op Besuch ze kommen, oder einfach mol unzeruffen»

Dat sinn alles Beispiller vun Elteren, déi Grenze just als eppes kennen, dat Länner trennt awer sécherlech net d’Famill. An der Theorie ass d’Léisung jo relativ einfach, nämlech den Elteren «Nee» soen, respektiv ze verstoe ginn, dat si sech ze vill amëschen. An der Praxis fält et eis awer och méi schwéier d’Nuebelschnouer ee fir alle Mol duerchzeschneiden.

D’Schlecht Gewëssen ass gefillt einfach ze grouss, well si sech ëm ee gekëmmert hunn, erzunn hunn, jee nodeem finanzéiert, Léift geschenkt an an an. Doduerch entwéckele mir eng Angscht eis Eltere potentiell ze verletzen, wa mir hinne soe wéi et eis wierklech mat hirer Aart a Weis geet.

D’Angscht vun hinnen ofgeleent ze ginn ass ze grouss, an dat entwécklungs-technesch gesinn och zu Recht: Als Kand wiere mir nämlech ouni si opgeschmass gewiescht. Och wann mir elo keng Kanner méi sinn, an eleng eens ginn, bléift déi Angscht awer ënnerbewosst bestoen.

An awer ass «Nee»-Soe wichteg, well et verhënnert, dat sech d’Bezéiung zu den Elteren an eppes Schlechtes entwéckelt, respektiv mécht se méi gesond an equilibréiert. Doduerch dat mir soe wéi et eis geet, bleiwe mir eis selwer trei, an dat ass een sech natierlech ëmmer schëlleg!

Am beschten et sicht een also d’Gespréich, a geet éierlech drop a wéi eng ongesond Aspekter et ginn, a virun allem wéi eng Gefiller dat ausléisst. Déi eege Bedierfnesser musse kloer kommunizéiert ginn, a soumat och wisou et iwwerhaapt esou wichteg ass. Esou kann ee kloer Grenzen zéien, a gläichzäiteg Léisunge fannen.

A ganz wichteg: Ee Schrëtt nom aneren, well och fir d’Elteren ass et net einfach hir Kanner deelweis goen ze loossen...

Lauschtert hei de ganze Reportage!