Mir hunn eis eng Etüd iwwer Work-Life-Balance ugekuckt, bei där Lëtzebuerg richteg gutt, an zwar esouguer am beschten ofgeschnidden huet.

Den Equiliber tëscht Aarbecht a Liewen ass relativ wichteg fir eng allgemeng gutt Gesondheet an e qualitatiivt Liewen.

Eng Aarbecht ze hunn, déi engem Spaass mécht, mee engem och Zäit léisst aner Saachen ze maachen, ass ideal. Donieft ass et wichteg dass een zum Beispill trotz Gebuert vun engem Kand gutt Konditiounen huet a genuch Congéen huet.

Lëtzebuerg gouf also als dat bescht Land fir Work-Life-Balance agestuuft. Mee ëm wéi eng Etüd handelt et sech?

Et ass eng Recherche vun «Compare The Market», en australesche Service deen am Fong Präisvergläicher mécht, mee och Etüden. Iwwregens gëtt den Top 3 vu Finnland an Norwegen ergänzt.

Op wat huet ee sech baséiert fir op dës Resultat ze kommen?

Facteuren, déi hei consideréiert goufe sinn d’Stonnen déi een an der Moyenne schafft, d’Congéen, d’Mammen- a Pappecongéen an de sougenannten Happiness Score. Zu Lëtzebuerg ginn an der Moyenne 1.382 Stonne pro Joer geschafft. Just an Däitschland an an Dänemark gëtt e bëssi manner geschafft.

De Pappecongé zu Lëtzebuerg ass och an der Etüd positiv opgefall.Deen ass nämlech 28 Woche laang. An den Happiness Score läit bei 7.404. Hei ass Lëtzebuerg op der 6. Plaz. All Facteur gouf eenzel analyséiert, da krut all Land en Gesamtresultat an e Klassement gouf opgestallt. Obwuel Lëtzebuerg net onbedéngt bei all de genannte Facteuren op der éischter Plaz war, mécht de kombinéierte Score aus dass Lëtzebuerg dat beschte Land fir Work-Life Balance ass.

Wéi ass een dann un esou Zuele komm?

Quellen, op déi dës australesch Etüd sech baséiert huet sinn och ganz seriö. Hei gëtt sech op Zuele vun der OECD, mee och vum World Policy Center benotzt. Den Happiness Score kënnt vum World Happiness Report dee vu ganz ville weltwäiten Institutiounen ënnerstëtzt gëtt.