Halloween huet ganz intressant an al Originnen. Obwuel een ëmmer héiert dass d’Fest aus den USA kënnt, ass dat net ganz richteg.

Halloween huet ganz intressant an al Originnen. Obwuel een ëmmer héiert dass d’Fest aus den USA kënnt, ass dat net ganz richteg. Loosse mir eis emol d’Originne vun Halloween an d’Bedeitung vum Wuert ukucken. Den Ursprong vum Fest ass am Fong de keltesche Festival "Samhain". Dee gouf viru ronn 2.000 Joer virun allem an de Regioune wou aktuell Irland, Groussbritannien an Nordfrankräich leien, gefeiert. D’Transitioun tëscht dem Summer an dem Wanter war fir si och vum Dout gepräägt. D’Kelten hu gegleeft dass an der Nuecht virum neie Joer, also virum 1. November, d’Grenzen tëscht de Welte vun de Liewegen an den Doudege manner kloer waren.

Lauschtert eran!

Dowéinst goufe Lagerfeiere gemaach an et goufen Déiere geaffert. D’Kelten hunn dann och Kostümer ugedoe fir sech virun de Geeschter ze beschützen. Nodeems d’Réimer Jore méi spéit dës Territoiren eruewert hate goufen dann och nach hir Fester mat "Samhain" kombinéiert. Am 7. Joerhonnert huet ënner anerem de Poopst Bonifatius IV. dann Allerhellegen agefouert fir déi Doudeg ze éieren.

Allerhellege gouf déi Zäit "All Saint’s Day" mee och "All-Hallows" genannt. An déi Nuecht virdrun, also den 31. Oktober, huet sech "All-Hallows-Eve" genannt. Mat der Zäit huet d’Wuert sech entwéckelt. An d’Resultat war dann de bekannten Term "Halloween".

Wéi Amerika vun den Englänner koloniséiert gouf, sinn all déi Bräich mat eriwwer komm. Mat der Zäit huet sech dann eng ganz spezifesch amerikanesch Versioun vum Fest entwéckelt, virun allem mat der grousser Migratiounswell vun den Iren. Am 19. Joerhonnert gouf d’Fest wierklech op nationalem Plang gefeiert. An am 20. Joerhonnert war dann Halloween eng Traditioun, déi mat der Zäit ëmmer méi grouss ginn ass an elo op ville Plazen op der Welt bekannt ass.