
© Eldoradio
Fir déi 24t Editioun vun de Rocklab Pop-Up Sessions hunn sech d'Organisateure rëm eng ganz speziell Location erausgesicht.
Déi jonk Musekerin Maya Maunet huet eigentlech schon als Kand ugefaaangen sech fir Musek ze interesséieren an huet dunn och scho privat immens vill gesongen.
"I've actually been singing for a very long time. I always loved singing, i always loved music. I've grown up with music around the house an singing in the church. I really have a passion for music all together."
No enger Zeit war d'Maya Maunet awer net méi esou schei an huet säin Produzent kennegeléiert, deen hei zu Lëtzebuerg am Sonic Temple Studio schafft. Duerch hien huet hat dann och ugefaangen selwer Musek ze schreiwen an emmer méi och ze sangen. Duerch seng Léift zur Musek ass d'Maya Maunet dann och lo a Kanada op der Uni.
"And then now i just moved to Canada to study music because i always knew that I want do dig deeper into it. I Just want to know what people are talking about."
Am Joer 2021 huet d'Maya Maunet dann och seng éischt eege Single "can i stick around" erausbruecht gehat. D'Single ass zimmlech poppeg mee trotzdem bēsse méi däischter, fir dass dem Maya säin ganz eegenen Stil mat rabruecht gëtt. Ee grousse Moment fir d'Maya Maunet war dann och säin Optrëtt um e-Lake Festival dest Joer, wou hat déi éischte Kéier mat dobäi war.
"I always have the best times. I'm so grateful that i could perform at such a big event with so many great big artists. I was shocked."
Awer och bei de Rocklab Pop Up Sessions war d'Maya Maunet als Kënschtlerin mat dobäi an wéi een dat scho kennt haten si och fir hat eng ganz speziell Location erausgesicht. D'Maya Maunet konnt am grousse Sall vum Cercle Cité op der Place d'Armes optrieden.
"You know what, it's funny. I had always walked passed this building and I never knew what was inside and never really knew what it was for. And so we did it in a few of those rooms an it's just so beautiful."
An Zukunft wäert d'Maya Maunet awer nach u weiderer Musek schaffen a vue dass hat souwisou Musek studéiert sot d'Musekerin dass hat permanent u neier Musek géif schaffen. Am Interview hat d'Sängerin eis awer verroden, dass nei Musek fir Ufanks 2023 geplangt wier.