
© pexels.com
All Mënsch verbënnt jo meeschtens ee bestëmmten Track mat Halloween, an och wann déi variéiere ginn et wéi bei allen anere Saachen och jo d'Klassiker...
Halloween gëtt natierlech direkt mat den ënnerschiddleche grujelege Gestalte verbonnen: Werwollef, Hex, Skelett & Co. an och op all Halloweenparty vertrueden ass natierlech de “Ech zéie mir e Laken iwwert de Kapp”- Geescht.
"Ghostbusters" - Ray Parker Jr.
De Soundtrack vum Film “Ghostbusters” mam nämmlechten Numm ass 1984 vum Ray Parker Jr. erauskomm. Tatsächlech war bëssen Drama ëm den Track, well den Huey Lewis si verklot huet, dat well hien der Meenung war dat en sengem Lidd ze änlech war, oder awer villäicht och op de groussen Erfolleg jalous war.
"This is Halloween" - Danny Elfmann
Mat bal enger Milliard Views op Spotify dierf een natierlech och net de Soundtrack vum Tim Burtons sengem “The Nightmare Before Christmas” vergiessen. Am Joer 1993 ass “This is Halloween” erauskomm an dierf säithier op kenger Halloween Party, respektiv Just Dance Party feelen! Vun Vampire bis Clowne kommen all déi grujeleg Gestalten zesummen a liwweren sech e klengen Danz a Sing-off um Kierfecht.
"Thriller" - Michael Jackson
Onbestridden op éischter Plaz: Natierlech keen anere wéi de King of Pop Michael Jackson mat “Thriller”. Net nëmmen ass d’Lidd ikonesch an dierf definitiv op kenger Halloween Playlist feelen, mee natierlech och de Museksvideo an dem een de Michael Jackson an seng Zombie bei hirem bekannten Dancemove gesäit. Ganzer 14 Minutten dauert en, a virun allem wann een d’Joer 1983 am Hannerkapp huet, ass et scho bal nach vill méi bewonnerenswäert.