Halloween huet ganz vill verschidden Traditioune regroupéiert an ass am Fong ganz intressant ze recherchéieren.

Zum Beispill mengt een ëmmer dass d’Kürbissen, also en absolut Symbol vun Halloween, schonn ëmmer zum Fest gehéiert hunn. An déi Traditioun "Trick-or-Treating" klengt esou wéi wa se vun engem Business erfonnt ginn wier mee dat ass guer net de Fall. Et gëtt e ganz bestëmmte Grond wisou dës Elementer Deel vun Halloween sinn.

Lauschtert eran!

Ee vun dësen typeschen Halloween-Mythen ass den Jack O’Lantern. Usech ginn elo domat Kürbissen bezeechent déi e méi oder manner grujelegt Gesiicht geschnëtzt kréien. D’Originn fënnt een awer an enger irescher Legend déi sech "Stingy Jack" genannt huet.

An der Geschicht geet et ëm e Mann, deen den Däiwel op en Apero agelueden hat. De Stingy Jack huet et hikritt den Däiwel auszetricksen. An hien huet mat him ausgemaach dass hien ni an d’Hell komme géif. Mee de Gott wollt hien och net an de Paradäis schécken. Dofir krut hie just e brennend Stéck Kuel dat hien an eng Rommel gesat huet. An zënterhier géif hien domat ronderëm d’Welt geeschteren. An der Zäit goufen dowéinst och keng Kürbisse geschnëtzt mee Rommelen oder Grompere fir dass d’Geeschter ewechbleiwen.

An an den USA gëtt et en Aspekt vun Halloween, dee richteg beléift ass mee och an Europa. An zwar "Trick-or-Treating", also wann ee vun Dier zu Dier geet an no Séissegkeeten freet. Wéi d’Virfare vum Halloween-Fest selwer fënnt een d’Traditioun vun "Trick-or-Treating" och bei de Kelten.

Beim keltesche Festival Samhain haten d’Duerfbewunner sech mat der Haut a mam Pelz vun Déiere verkleet. Si hunn dann Dëscher dohi gestallt a Reschter vun Iessen dohi gestallt fir d’Geeschter ze calméieren. Dat ganzt huet sech entwéckelt an huet sech mat anere Bräich vermëscht. An der Zäit vum Chrëschtentum sinn dann aarm Kanner bei méi räich Familljen tocke gaange fir kleng Patisserien ze kréien. Mat der Amerikanisatioun a Kommerzialisatioun vun Halloween hu sech dann d’Séissegkeeten duerchgesat. Dës ginn dann all Joer ausgedeelt.